Futtball-Championnat: BGL LigueTitelkampf nach net decidéiert, och Ofstigskampf bleift spannend

RTL Lëtzebuerg
Weeder uewen nach ënne sinn Decisioune gefall. Hueschtert kann net méi ofsteigen, Kanech ass nach net fix gerett.

Um zweetleschte Spilldag si weeder am Titelkampf nach am Ofstigskampf fix Decisioune gefall.

Den Tabelleleader an amtéierende Champion Déifferdeng huet seng Aufgab mam 2:0 géint Käerjeng erfëllt, mee Biissen huet Kanech beim 5:0 keng Chance gelooss. Sou kënnt et um leschte Spilldag zum alles entscheedende Match ëm d'Meeschterschaft, an deem Déifferdeng zu Biissen untriede muss.

Wéinst dem Gläichspill tëscht Diddeleng a Stroossen verpasst den F91 d'Qualifikatioun fir d'Conference League. Stroossen muss um leschte Spilldag onbedéngt gewannen, fir Munneref nach vun der drëtter Plaz ze stoussen.

Am Tabellekeller ass nach keng Ekipp definitiv ofgestigen. Hesper huet mat engem 3:0 géint Rouspert seng lescht Chance genotzt an huet elo déi bescht Ausgangspositioun. Mamer huet zu Rodange spéit en 1:1 gerett an domat dem FCR91 wichteg Punkten ewechgeholl. Péiteng huet 0:1 zu Munneref verluer. Béid Ekippen aus dem Kordall stinn elo mat 25 Punkten um Wupp vun der Tabell a brauchen um leschte Spilldag eng Victoire mat ville Goler, fir Mamer nach anzehuelen.

Am Match tëscht Esch an Nidderkuer geet et ëm näischt méi. Béid Ekippe kënnen net méi ofsteigen.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Diddeleng - Stroossen 1:1
0:1 Perez (2'), 1:1 Delorge (62')

Déifferdeng - Käerjeng 2:0
1:0 Buch (35'), 2:0 Mfoumou (90'+1)

Kanech - Biissen 0:5
0:1 Rodrigues da Cruz (28'), 0:2 Rastoder (34'), 0:3 Abi Ramzi (48'), 0:4 Djalo (79'), 0:5 Marasi (88')

Rodange - Mamer 1:1
1:0 Bojic (70'), 1:1 Badji (90'+1)

Munneref - Péiteng 1:0

Hesper - Rouspert 3:0
1:0 Bochu (51'), 2:0 Ninte (56'), 3:0 Bochu (58')

Hueschtert - Racing 0:1
0:1 Matuvangua (20')

Jeunesse Esch - Nidderkuer (18.30 Auer)


Den Iwwerbléck vun de Resultater

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO