Am Keller vum Casino ForumD'Ausstellung "Notes on Weathering"

Isabelle Gillen
D'Bianca Bondi bespillt mat hirer Expo Raimlechkeete vum Casino, déi de Public soss net ze gesi kritt.

Am Kader vum 30. Gebuertsdag vum Casino Forum an der Stad ass bis de 3. Januar 2027 d'Ausstellung "Notes on Weathering" vun der Südafrikanescher Kënschtlerin Bianca Bondi ze gesinn. D'Expo mécht Raimlechkeete vum Casino op, déi de Public soss net ze gesi kritt. Am ale Keller, dee nach am Réizoustand ass, presentéiert d'Kënschtlerin eng Serie vun organesche Wierker, déi op dat kaalt a fiicht Klima op der Plaz reagéieren.

Iwwer eng Rei Méint verännere sech d'Konschtwierker lues a lues an et komme reegelméisseg nei Reim dobäi. Et ass eng Ausstellung, déi um Enn ganz anescht wäert ausgesi wéi am Ufank.

Et muss een duerch e Labyrinth aus ale verstëbste Maueren, fir deen éischte Raum vun der Bianca Bondi ze fannen, dee just duerch eng eenzeg Luucht, déi sech duerch Beweegung aktivéiert, zum Liewen erwächt gëtt.

Ze gesi kritt een e klengen heemleche Raum, an deem verschidde Schief, en Dësch, e Stull, eng Bürosluucht a virun allem ganz vill Salz um Buedem ze fanne sinn. D'Salz ass der Kënschtlerin hiert léifste Material, mat deem si ëfters schafft an dat hei fir d'Verännerung vun den Ausgestallten Objete suergt. D'Miwwelstécker gi mat der Zäit raschteg a Planzen, déi am Salz stiechen, verbléien iergendwann.

D'Ausstellung soll eng Entdeckung vun der Materialitéit vun dësem historesche Lieu sinn. Wéi eng Verännerunge kann een am Laf vun engem Joer an iwwer verschidde Joreszäiten observéieren a wéi eng nei Säite vu verschiddene Materialer kommen esou zum Virschäin?

Den Titel vun der Ausstellung "Notes on Weathering" soll d'Iddi vun der Transformatioun erëmspigelen a sech virun allem op ekologesch Themen, wéi Erosioun oder Kristallisatioun fokusséieren. D'Verännerunge ginn un Hand vu Fotoen an Texter dokumentéiert. Am zweete Raum, dee seng Diere fir d'Luxembourg Museum Days opgemaach hat, gi genee dës Fotoen nees weiderverschafft. D'Fotoe ginn an e grousse Baseng mat Salzwaasser geluecht a wäerte sech doropshin veränneren.

Back to Top
CIM LOGO