
De Rapper Bad Bunny huet e Sonndeg bei de Grammys Geschicht geschriwwen: Hie gewënnt de prestigiéisen “Album of the Year” fir “Debi Tirar Mas Fotos” – deen éischten Album op Spuenesch, deen déi héchsten Auszeechnung an der Musek gewonnen huet. De Kendrick Lamar huet seng Sammlung ëm fënnef weider Grammys erweidert, dorënner nach eng Kéier de Präis fir “Record of the Year”.
D’Billie Eilish an hire Brudder Finneas hunn iwwerdeems de Präis fir “Song of the Year” kritt an d’Olivia Dean gouf als bescht nei Artistin ausgezeechent.
Et war en Owned mat ville markante Live-Optrëtter vu bekannte Kënschtler, dorënner d’Lady Gaga, déi zwou Auszeechnunge gewonnen huet, ënner anerem fir “Best Pop Vocal Album”.
Am Mëttelpunkt stoung awer de Bad Bunny. Den Artist vu Puerto Rico krut vill Applaus, wéi hien a senger Ried eng kloer politesch Botschaft formuléiert huet an déi landeswäit Asätz vun der Immigratiounsautoritéit ICE verurteel huet.
“Ier ech Gott Merci soen, soen ech als éischt: ‘ICE out’”, sou de Bad Bunny, wéi hien de Präis fir “Best Música Urbana” entgéintgeholl huet. “Mir si keng Wëll, mir si keng Déieren, mir si keng Aliens; mir si Mënschen a mir si Amerikaner”, huet den 31 Joer ale Museker erkläert – dat eng Woch éier hien um Super Bowl eng vun de gréisste Bünen op der Welt als Haaptakt betrëtt.
Wéi hien duerno och nach de wichtegste Präis vum Owend gewonnen huet, war de Bad Bunny sichtlech beréiert. Hien ass op d’Bün gaangen an huet de gréissten Deel vu senger Ried op Spuenesch gehalen, fir d’Leit vu Puerto Rico ze éieren.
D’K-Pop-Sängerin Rosé an de Bruno Mars hunn d’Gala mam Lidd “APT” lancéiert, d’Lady Gaga huet eng dynamesch Versioun vun “Abracadabra” gebueden an d’Sabrina Carpenter huet hiren Hit “Manchild” gesongen. Et gouf och eng Rei Performancen zu Éiere vun de Museker, déi am Laf vum Joer gestuerwe sinn – sou zum Beispill den Ozzy Osbourne.
En onerwaarten Héichpunkt vum Owend war dunn nach eng Auszeechnung fir den Dalai Lama, deen e Präis fir säin Hörbuch iwwer Meditatioun gewonnen huet.