Crèchen oder Famillen?Fir wien ass d‘Erhéijung vum Chèque-service geduecht?

Raphaëlle Dickes
"Déi konkret Erhéijung vu 6 op 7 Euro, déi vum 1. Januar 2026 u gëllt, ass eigentlech eng finanziell Ënnerstëtzung fir d'Strukturen", seet de Gilles Dhamen.
Crèchen oder Famillen? Fir ween ass d‘Erhéijung vum Chèque-Service geduecht?
Et suergt fir eng gewëssen Opreegung: Eng Rei privat Crèchen a Betreiungsstrukturen hunn op den 1. Januar hiren Tarif ëm een Euro d’Stonn eropgesat.

Et suergt fir eng gewëssen Opreegung: Eng Rei privat Crèchen a Betreiungsstrukturen hunn op den 1. Januar hiren Tarif ëm een Euro d’Stonn eropgesat. Dat fir vun der Erhéijung vun der staatlecher Participatioun am Chèque-service accueil kënnen ze profitéieren. Verschidden Eltere sinn doriwwer rosen. Si mengen, d’Erhéijung wär geduecht fir d’Famillen ze entlaaschten. Wéi ass et da lo?

“Déi konkret Erhéijung vu 6 op 7 Euro, déi vum 1. Januar 2026 u gëllt, ass eigentlech eng finanziell Ënnerstëtzung fir d’Strukturen”, seet de Gilles Dhamen, Premier Conseiller am Educatiounsministère. “Mir hunn eng Chèque-service Finanzéierung, déi och d’Strukture finanzéiert an do ass den Tarif zanter 2011 net méi erhéicht ginn.”

14 Joer laang louch déi staatlech Participatioun bei 6 Euro d’Stonn. An där Zäit sinn d‘Käschten immens geklommen. Déi privat Betreiungsstrukture konnten dës Fraisen iwwer d’Joren awer nëmmen Deels iwwer Supplementen un d’Eltere weider verrechnen. Sou datt verschiddener an der Tëscht finanziell schlecht dru sinn.

“Et geet einfach net méi duer. Si kommen net méi iwwer d’Ronne fir déi Crèchen ze bedreiwen an an deem Sënn hu mer elo virun der grousser Reform fir d’Chèque-services, déi jo réischt d’nächst Joer soll a Kraaft trieden, elo schonn eng Urgence gesi gehat fir dee Stonnentarif vu 6 op 7 ze erhéijen”, esou de Gilles Dhamen.

© RTL

Zil: Qualitéit a Plazen erhalen

Et geet drëms d’Qualitéit vun der Kannerbetreiung weider ze garantéieren an ze verhënneren, datt Crèchen zoumaachen a Plaze verluer ginn. “D’Volontéit hei vum Staat ass fir elo de Strukturen deen een Euro bäizeginn, an d’Elteren net forcement musse méi bezuelen.”

Fir datt d’Strukturen awer vun deem engem Euro, deen de Staat méi bäileeë wëll, profitéiere kënne, musse si de Stonnentarif am Kontrakt mat den Elteren ëm een Euro erhéijen. Dës Hausse dierften d’Elteren awer net am Portmonni spieren. “Woubäi sech dat dann awer an der Rechnung fir d’Elteren neutraliséiert, well dee Part, deen de Staat bäileet dat equilibréiert”, erkläert de Premier Conseiller aus dem Educatiounsministère.

De Barème fir d’Elteren huet net geännert. Déi maximal Participatioun fir si läit nach ëmmer bei 6 Euro d’Stonn.

Keng Obligatioun fir de Stonnentarif ze erhéijen

D’Betreiungsstrukture mussen hire Stonnentarif awer net erhéijen. “Wann d’Crèchë manner wéi een Euro hire Präis erhéijen, dee Moment gewannen d’Elteren natierlech och nach ee Stéck vum Kuch. Falls eng Crèche elo sollt méi wéi een Euro an d’Luucht goen, ass natierlech och eng Erhéijung fir d’Elteren do”, erkläert de Paolo Fiorucci, President vun der FELSEA, der Federatioun vun de privaten Träger.

Vill privat Betreiungsstrukturen hätten hire Stonnentarif awer net oder nëmme minimal erhéicht, seet de Paolo Fiorucci. An deem Fall profitéieren also (och) d’Famille vun der Ënnerstëtzung fir d‘Crèchen.

© RTL

D’Entlaaschtung fir d’Eltere kënnt 2027

D’Entlaaschtung fir d’Eltere kéim awer u sech eréischt mat der grousser Reform vum Chèque-service accueil, gëtt de Gilles Dhamen ze bedenken. Heivunner sollen d’Eltere “massiv” profitéieren. Da gëllen eenheetlech Facturatiounsreegelen. D’Betreiungsstrukturen dierfe keng Forfaite méi verrechnen, mee just nach déi reell Stonnen, wou d’Kand do war. Et dierfe keng Supplemente méi facturéiert ginn. De Staat soll dann 2/3 vun de Käschten iwwerhuelen, déi d’Elteren haut fir d’Betreiung vun hire Kanner ausginn. Wann um legislative Wee alles leeft wéi geplangt, soll d’Reform vum Chèque-service accueil 2027 a Kraaft trieden.

Back to Top
CIM LOGO