D'Raumfaart-Entreprise vum US-Milliardär an Amazon-Grënner Jeff Bezos huet e grousse Réckschlag mussen hinhuelen. Eng Rakéit vun der Entreprise ass en Donneschdeg bei engem Test zu Cape Canaveral am US-Bundesstaat Florida op der Startramp explodéiert. Op engem Video, deen den Tëschefall weist, ass ze gesinn, wéi fir d'éischt Damp ënnert der Rakéit opsteigt, éier dës dann an engem risege Feierball explodéiert. Den Autoritéiten no wier kee blesséiert ginn.
Den Jeff Bezos selwer huet op der Social-Media-Plattform "X" vun engem haarden Dag geschwat. Et wier nach ze fréi, fir eppes iwwer d'Ursaach vum Accident ze soen, ma et géif ee schonn dru schaffen, dës erauszefannen. Vum Personal géif kee vermësst ginn an et géifen och keng Blesséiert.
Vun der Entreprise selwer huet et just geheescht, dass een eng Anomalie beim Test vun enger Zündung festgestallt hätt.
Bei der Rakéit, déi explodéiert ass, handelt et sech ëm en Exemplaire vum Modell "New Glenn". Dës spillt eng zentral Roll am Jeff Bezos engen Ambitiounen an der Raumfaart. Seng Entreprise "Blue Origin" konkurréiert mam Elon Musk senger Firma "Space X" ëm Opträg vun der US-Raumfaart-Agence Nasa.