Op der PompelPräisser vu 95er, 98er an Diesel ginn erof

RTL Lëtzebuerg
D'Maximalpräisser fir Bensinn an Diesel ginn an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg e gudde Krack erof.
© RTL

De 95er Bensinn fält ëm 5,1 Cent op 1,704 Euro de Liter.

Beim 98er ass et eng Baisse vu 5,2 Cent de Liter a wäert vun e Samschdeg u bei 1,814 Euro de Liter leien.

Beim Diesel fält de Präis ëm 3,7 Cent op 1,730 Euro de Liter.

De Masutt (Gasoil chauffage 10 ppm) geet ëm 4 Cent de Liter op 1,166 Euro erof.

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO