
Tomorrowland 2025 bleift net nëmme wéinst dem Feier op der grousser Bün an Erënnerung, d'lescht Joer waren och zwee Artiste aus dem Grand-Duché zu Boom an der Belsch dobäi; d'OGAZON an den NOSI, déi dann och dëst Joer Deel vun der Programmatioun sinn.
Ma et ass nach en 3. Lëtzebuerger Act beim Festival dobäi: NETTY HUGO, domat hätte mir also am ganze 4 Kënschtler op der Tomorrowland. Dëse Weekend, vum 17. bis den 19. Juli, geet et lass, an hei ass dann den NOSI am Asaz (Samschden 18. Juli am CRYSTAL GARDEN vun 15:00 bis 17:00) an déi Woch drop, vum 24. bis de 26. Juli, sinn déi aner Lëtzebuerger dann am Asaz dat ganz ënnert dem Thema The World of Consciencia.
D'OGAZÓN spillt e Freiden de 24 Juli vun 19:00 bis 20:30 op der Bün CORE an den Duo NETTY HUGO e Sonnden de 26. Juli vun 13:30 bis 15:00 op der Bün CAGE.
Da wäerte mir och dëst Joer vill Fändele mam Roude Léiw um Tomorrowland gesinn. Hei e puer Fotoe vum leschte Joer: