
Deen eelste Festival vu Lëtzebuerg zitt zënter Joerzéngten national wéi international Kënschtler an de Norde vum Land. Ugefaangen huet d'Success Story 1953 - deemools nach mam Fokus op Theater. Zanterhier stounge scho Gréisste wéi d'Ella Fitzgerald, de Miles Davis oder de José Carreras op der Bün. Gespillt gëtt an der impressionanter Kuliss vum Schlass vu Wolz. Eng Plaz, déi fir d'Produktioune vläicht net ëmmer esou einfach wier, ma déi awer wonnerschéin ass, betount de Marc Scheer, Direkter vum Festival.
En Donneschdeg den Owend um 20:00 Auer steet déi franséisch Batteuse a Komponistin Anne Paceo op der Bün. Si gëllt als eng vun de spannendste Figuren am modernen Jazz. An hirer Musek vermëscht si Jazz mat Rhythmen aus der ganzer Welt, Trance a spirituellen Aflëss.
Zu Wolz presentéiert si hiren neie Projet "Atlantis" an engem intime Kader mat 80 Sëtzplaze fir de Public. Et ass dee véierten a leschte Concert vun der "Close Up" Serie, déi dëst Joer agefouert ginn ass. D'Zil wier et, neie Gesiichter eng Plattform ze ginn.
Déi ganz Sendung an den Interview mam Marc Scheer, ënnert anerem iwwer d'Entwécklung vum Festival, kënnt dir hei an op RTL Play kucken.