Mord un enger Surveillante zu Nogent (F)Jugendleche gëtt zu enger Fräiheetsstrof vun 18 Joer verurteelt

RTL mat AFP
Am Juni 2025 hat de Verurteelte siwe Mol op eng Surveillante vu sengem Lycée agestach an d'Fra virun dem Schoulgebai ëmbruecht.
Am Juni 2025 gouf d'Mélanie, déi am Lycée als Surveillante geschafft huet, virun den Ae vu ville Schüler a Gendaarmen, déi eng Kontroll duerchgefouert hunn, virum Gebai erstach an ëmbruecht.
Am Juni 2025 gouf d'Mélanie, déi am Lycée als Surveillante geschafft huet, virun den Ae vu ville Schüler a Gendaarmen, déi eng Kontroll duerchgefouert hunn, virum Gebai erstach an ëmbruecht.
© FRANCOIS NASCIMBENI/AFP

En Teenager vu 15 Joer gouf zu enger Fräiheetsstrof vun 18 Joer wéinst dem Mord un enger Surveillante an engem Lycée am Departement Haut Marne verurteelt. D'Geriicht huet an hirem Urteel festgehalen, datt de jonke Mann eng "extreem psychiatresch Gefor " esou wéi en "extreemen héije Risiko vun engem Réckfall" géif weisen.

Fuerderunge vum Parquet deels nokomm

Dës Strof, déi de Fuerderunge vum Parquet nokënnt, gouf am Geriicht mat Applaus opgeholl. Do haten d'Famill an d'Frënn vum Affer d'Plazen, déi fir d'Ëffentlechkeet virgesi waren, quasi komplett besat. Si all haten T-Shirte mam Bild vum Mélanie un. Den Teenager huet beim Verloosse vum Sall säi Gesiicht ënnert senger Vest verstoppt.

Wéinst sengem jonken Alter, war de zanter e Mëttwoch am Jugendgeriicht zu Chaumont. D'Maximalstrof, déi den Teenager hätt fir seng Dot kéinte kréien, läit bei 20 Joer. Hie war déi lescht 13 Méint an Untersuchungshaft.

Och wann de Prozess hanner zouenen Diere war, esou gouf d'Urteel esou guer een Dag éischter, wéi erwaart, public gemaach.

Limitéiert Scholdfäeg, Strof awer net reduzéiert

Anescht awer, wéi de Parquet et gefrot hat, huet d'Geriicht unerkannt, datt den Täter zu Moment vun der Dot duerchernee war, well hien der Meenung war, datt Leit hie géife verfollegen. Si hunn dowéinst seng Scholdonfäegkeet net integral unerkannt. D'Geriicht huet awer drop verzicht, wéinst dësem Fakt d'Strof vum jonke Mann ëm een Drëttel ze reduzéieren. Grond dofir war der Riichterin no, déi de Virsëtz hat, datt d'Dot "extrem schwéier" war, de jonke Mann keng Empathie a kee Bedauere géintiwwer sengem Affer an der Famill gewisen huet.

Ënnerstrach huet si och, datt hien eng "extreem psychiatresch Gefor" géif duerstellen an datt Experten no, déi och viru Geriicht ausgesot hunn, de Risiko grouss wier, datt hien e Réckfall géif erleiden. Dowéinst gouf och eng "sozialgeriichtlech Betreiung" vun 10 Joer vum Geriicht ordonéiert, déi mat enger therapeutescher Behandlung, déi Flicht ass, verbonnen ass.

Weidere Prozess am September

Eng weider Sëtzung, bei där et ëm d'Interessen an d'Entschiedegunge vun de Partie civille geet, ass fir de 7. September geplangt. An dësem Prozess stinn dann och d'Eltere vum Täter, déi och dësen Donneschdeg mat am Raum waren, mat am Fokus, well si fir hie responsabel sinn an eventuell fir méiglech Entschiedegunge mussen opkommen.

Wat war geschitt?

Den 10. Juni 2025 war eng Surveillante am Lycée Françoise-Dolto zu Nogent attackéiert ginn an et gouf virun der Dier vum Gebai siwe Mol mam Messer op si agestach. Déi 31 Joer ale Mamm vun engem klenge Jong ass nach op der Plaz gestuerwen. D'Mélanie, wéi si dono a Frankräich bekannt gouf, war och am Gemengerot vu Sarcey, der Nopeschgemeng vun Nogent.

Geschitt war d'Attack virun enger grousser Unzuel un Zeien, déi virun der Dier vun der Schoul gewaart hunn, well hei d'Gendaarmen eng Kontroll vun der Rucksäck vun de Schüler duerchgefouert hunn, ebe fir Messer oder aner schaarf Géigestänn ze saiséieren. De deemools 14 Joer ale Schüler war direkt no der Attack vun engem vun de Gendaarmen, deen dobäi och un der Hand blesséiert gouf, festgeholl ginn.

Wärend sengem Verhéier hat hien ausgesot, datt hien u sech kee "spezifesche Problem" mam Mélanie gehat hätt, mä hien virgehat, fir eng Surveillante ze attackéieren, "egal wéi eng".

Back to Top
CIM LOGO