
All Joer huet den Ateleier lo grouss DJen op Lëtzebuerg gezunn. 2024 war et de Calvin Harris, d’lescht Joer de Martin Garrix. Fir dëst Joer huet sech och ee bekannten DJ ugekënnegt.
De Paul Kalkbrenner ass an der Zeen vun der elektronescher Musek keen Onbekannten a kënnt ëmmer nees gär op Lëtzebuerg zeréck. Och op internationale Festivallen ass hien doheem. Mat sengem leschten Album “The Essence” am Gepäck steet de Berliner DJ deemno am Juli um grousse Parking virun der Luxexpo. An dir dierft Iech op ganz nei Téin freeën, den Album ass nämlech a Kollaboratioun mat Museker wéi Depeche Mode a Stromae entstanen.
D’Tickete ginn de 5. Februar an d’Vente. Wien awer wëll sécher sinn, d’Show net ze verpassen, ka sech scho fir de Presale um Site vum Atelier aschreiwen.