E Méindeg am Nomëtteg huet et um CR345 tëscht Uewerfeelen an Ettelbréck geknuppt. Géint 16.23 Auer waren dräi Autoen net laanschtenee komm an et goufe véier Persoune blesséiert. Zwou Ambulanzen aus der Nordstad, ee Samu vun Ettelbréck an eng Rei aner Secouriste vu Feelen an aus der Nordstad waren op der Plaz. Wärend den Opraumaarbechte gouf d’Strooss kuerzzäiteg gespaart.
An anere Virfäll goufen nach véier weider Persoune blesséiert. Géint 13.45 Auer hat et op der N31 tëscht Péiteng a Nidderkäerjeng tëscht zwee Autoe geknuppt. Eng Persoun gouf blesséiert. Ee weidere Verletzte gouf et géint 14 Auer op der N2 tëscht Sandweiler an Hamm, wou zwee Autoen net laanschtenee komm sinn. Kuerz Zäit drop huet zu Miersch an der Rue de Colmar-Berg eng Schminni gebrannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert,
Op der N31 tëscht Léiweng a Beetebuerg gouf et dann nach een Accident tëscht zwee Autoen, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Eng Ambulanz aus der Stad war op der Plaz.