Zanter 1994 zu ClierfKult-Fotosausstellung "The Family of Man" gëtt digitaliséiert

Claudia Kollwelter
D'Fotoausstellung "The Family of Man" vum Edward Steichen ass zanter 1994 zu Clierf ze gesinn an zanter 2003 en UNESCO-Weltkulturierwen.

Déi ikonesch Fotosausstellung gëtt elo digitaliséiert. Wat et genee domat op sech huet a wat d’Zil vun där Digitalisatioun ass?

“The Family of Man” gëtt digitaliséiert

1955 gouf d’Austellung Family of Man eng éischte Kéier am Moma zu New York gewisen. Deemools goufen et nach siwe Versioune vun der Expo, déi vum Edward Steichen curatéiert gouf a 503 Fotoe vun 273 Artisten aus net manner wéi 68 Länner weist. Haut gëtt et just nach eng Versioun, an déi hänkt zanter 1994 zu Clierf. Allerdéngs ginn et keng Negativer vun de Fotoen, wéi d’Claire di Felice, Responsabel vun der Ausstellung erkläert:

“Eng éischt Digitalisatioun ass schonn 2013 gemaach ginn, wou mir d’Schlass renovéiert hunn, an och d’Fotoe waren deemools restauréiert ginn, mee natierlech hunn d’Technologien evoluéiert, an dat heescht d’Iddi war et elo, eng nei Digitalisatioun ze maachen, mat der Iddi eventuell, och Reproduktiounen ze maache vun deene Wierker an d’Expo eventuell och erëm reesen ze loossen.”

Claire di Felice
© CNA

Och d’Konservéierung vun de Fotoen ass e Grond fir d’Digitalisatioun. Well d’Fotoen net hanner d’Glas oder agerummt sinn, si se och méi sensibel a méi exposéiert. Dofir ass d’Ausstellung all Joer zwee Méint méindes an dënschdes zou, an och déi aner Deeg just mëttes fir de Public op.

“Déi Wierker, déi mer elo hautdesdaags hei an der Ausstellung gesinn, déi kënnen och net méi éiweg gewise ginn an hirem Original. Aner Muséeën, wéi zum Beispill den MNHA, hunn e Roulement vu Fotoen, déi dann ëmmer erëm en aner Moment gewise ginn. Dat heescht, hei wär et och ze envisagéieren, also ech schwätze lo wierklech just an Hypotheesen, mee e Roulement ze maachen, wou dann eventuell en Deel Original gewise gëtt an en Deel Reproduktiounen, fir eeben den Original ze konservéieren.”

Luucht, Klima, mee och d’Ootmung vun de Leit sinn Elementer, deenen d’Fotoen an der Ausstellung exposéiert sinn an en Impakt kënnen hunn. Fir d’Digitalisatioun gëtt zesumme mat enger Firma aus England geschafft an dat Ganzt verleeft an zwou Phasen. Déi éischt ass aktuell amgaangen.

“De Problem ass eben: mat der Zeenografie war et net méiglech, dass all d’Fotoen elo dëst Joer ofgehaange ginn oder ebe sur place digitaliséiert ginn, soudass mer am Fong geholl eng Selektioun gemaach hunn, vun deenen, déi einfach sinn ze maachen dëst Joer, wou mer elo net gréisser Aarbechte musse maachen. Dat si bësse méi wéi d’Hallschent vun de Wierker, déi dëst Joer gemaach ginn.”

Déi éischt Phas leeft bis Mëtt Mäerz an d’nächst Joer gëtt dann den zweeten Deel vun der Digitalisatioun gemaach. Och déi virtuell Visitt vun “The Family of Man” kéint an Zukunft vun der Digitalisatioun profitéieren, betount Claire di Felice.

“Zil wier och, dat weider ze developpéieren. Natierlech si mir ëmmer frou, wann d’Leit kënnen op d’Plaz kommen. An et ass jo wichteg, et och a Wierklechkeet ze gesinn. Mee et versteet een awer och, dass ee net iwwerall an der Welt d’Méiglechkeet huet, op Clierf ze kommen.

Vum 17. Mäerz un ass d’Ausstellung zu Clierf dann erëm a gewinnter Form fir de Public op.

Back to Top
CIM LOGO