E Bouquet Blumme virun der Hausdier erënnert un déi tragesch Evenementer e leschten Dënschdeg am fréien Nomëtteg. Vun Haut un huet d’Affer, déi 35 Joer al Mataarbechterin vun enger Immobilienagence, e Gesiicht, en Numm. Der Alicia hir Famille huet dës Foto ausgesicht.
Verbonne mat enger Rei “Mercien”. Dat och un déi Fra, déi probéiert huet, dem Alicia ze hëllefen a dobäi selwer liewensgeféierlech blesséiert gouf. An un d’Polizisten an Enquêteuren an och un all d’Leit, dacks Onbekannter, déi d’Famille iwwer déi lescht Deeg ënnerstëtzt hunn. E Message, deen och mat engem Online Spendenopruff op Leetchi.com verbonnen ass. Ënner anerem fir d’Begriefnes, juristesch Fraisen an e Gedenkmonument ze finanzéieren.
Den Affekot vun der Famille a Frankräich denkt driwwer no, och vun do aus juristesch Poursuitten an Weeër ze leeden. Iwwerdeems hei am Land d’Enquête weider op vollen Toure leeft. Géingt ee presuméierten Täter, e belsche Staatsbierger vu 27 Joer, gëtt et e Mandat d’arrêt wéinst Mord, versichtem Mord a “Coups et blessures volontaires”. Op der Flucht, konnt de Mann jo 20 Minutten nom Noutruff tëscht dem Briddel a Stroossen festgeholl ginn. Nodeems säi beschiedegt Gefier Polizisten op der Héicht vun der Biergerkräiz opgefall war.
Wat d’Motiv vun der Dot ugeet, esou kéint RTL-Informatiounen no d’Piste vum Ex-Frënd ausgeschloss ginn. Déi vum Optragsmord wier och éischter onwarscheinlech an de rengen Zoufall, géif och ausgeschloss. An anere Wierder: den Täter hätt dem Affer bewosst Rendez-vous ginn.
Et wär keen Zoufall, dat de Mann e Messer bei sech hat. Wéi den Täter säin Affer ausgesicht huet, a wat genee säi Motiv ass, beschäftegt den Ament d’Enquêteuren, déi enk mat hire Kolleegen an der Belsch zesummeschaffen.
Dem Affekot vum zweeten, also blesséiertem Affer no, geet et där Fra Haut verhältnisméisseg gutt. Si wier um falschen Ament op der falscher Plaz gewiescht, sou de Maître Penning. De Rendez-vous wier just mat der Immobilien-Agentinne fixéiert gewiescht.
“Ech confirméieren den Affekot vun der Famill vum zweeten, also dem verletztenen Affer ze sinn, woubäi d’Mamm sech partie civile beim Untersuchungsriichter constituéiert huet”, esou de Maître Penning op RTL-Nofro. “Et stëmmt, dass de Rendez-vous just mat der Agentin war. Et besteet sécher kee Lien mat den Occupanten a mam Proprietäre vum Haus um Lampertsbierg.
Déi zweet Victime war effektiv just am falschen Moment op der falscher Plaz, dëst well se hëllefe wollt, mee se huet awer vläicht doduerch Schlëmmeres verhënnert. Et geet hir verhältnisméisseg gutt a si an hir Famill soen e ganz grousse Merci un all déi, déi hir d’Liewe gerett hunn.”