
Ëmmer méi Leit ginn am Zesummenhang mat der Affär Epstein genannt, well hiren Numm an de Geriichtsdokumenter virkënnt, déi vun der US-Justiz publizéiert goufen. De Lëtzebuerger Premier gëtt an zwee Dokumenter ernimmt, déi den 30. Januar verëffentlecht goufen. Méi genee geet et ëm E-Mailen tëscht dem Sexualstroftäter Jeffrey Epstein an der Ariane de Rothschild vun 2014 - déi haiteg CEO vun der Privatbank Edmond de Rothschild.
An engem Mail vum 26. Februar 2014 erkläert d’Bänkerin dem Jeffrey Epstein, datt si fir e Mëttegiesse mam fréiere Finanzminister Luc Frieden op Lëtzebuerg misst a freet den Epstein no senger Meenung iwwert hien. An engem weidere Mail-Verlaf tëscht deenen zwee vum 17. op den 18. Juni 2014 schreift d’Ariane de Rothschild, datt si de Luc Frieden den Dag virdrun (17.6) gesinn hätt an datt dëse betount hätt, datt hie beim Verwaltungsrot vun der Bank wéilt matmaachen, awer nach mat der Deutsche Bank verhandele géing.
Op Nofro beim Staatsministère betount de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden, datt hien den Jeffrey Epstein ni kannt, begéint oder mat him geschwat huet.