IranDréibuch-Auteur vu Lëtzebuerger Koproduktioun "Un simple accident" festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Am Iran ass de Mehdi Mahmoudian festgeholl ginn. Konkret Virwërf sinn net bekannt.
© JAFAR PANAHI FILM PRODUCTIONS -/Collection ChristopheL via AFP

No Informatioune vum iranesche Portal Emtedad konnt hie Kontakt mat senger Famill ophuelen. Déi konkret Virwërf géint hien si bis ewell net bekannt.

Als méigleche Grond gëllt e Bréif, deen de Mahmoudian zesumme mat aneren Perséinlechkeeten ënnerschriwwen hat, an deem déi bluddeg Repressiounen am Iran am Januar kritiséiert goufen.

An der Kategorie “International feature Film” a “Bescht original Dréibuch” ass déi iranesch-lëtzebuergesch-franséisch Koproduktioun “Un simple Accident” nominéiert. De Film vum iranesche Realisateur Jafar Panahi hat d’lescht Joer zu Cannes d’Palme d’Or gewonnen a kann deemno och elo op en Oscar hoffen.

Interview mam iranesche Regisseur a Resistenzler Jafar Panahi
Am Interview mam Realisateur geet et ëm säi Wierk, d’Schwieregkeet, kritesche Kino am Iran ze maachen, a wat een doraus ka léieren.

Am Film geet et ëm politesch Prisonéier. De Realisateur setzt sech kritesch mam politesche Regimm am Iran auserneen. Hie war scho selwer e puermol wéinst senge Filmer a senger politescher Meenung am Prisong. Jorelaang duerft en och keng nei Filmer dréinen an den Iran net verloossen.

Back to Top
CIM LOGO