De Luke Pritchard vun "The Kooks" am Interview"Mir sinn happy, nees zu Lëtzebuerg dierfen ze spillen"

David Winter
En Donneschdeg spillt déi brittesch Indie-Rock Band "The Kooks" an der Rockhal. De Sänger Luke Pritchard huet eis ënner anerem iwwer seng Erfarung mat Lëtzebuerg a vum neien Album, deen an der Maach ass, erzielt.
© The Kooks ©Universal Music

2004 hunn de Luke Pritchard, Hugh Harris, Paul Garred a Max Rafferty, véier jonk Museker aus Brighton an England, d’Indie-Rock-Band The Kooks gegrënnt a si mat hirem éischten Album Inside In/Inside Out direkt weltberüümt ginn. Virun allem duerch Lidder wéi “Naïve” oder “She Moves in Her Own Way” sinn The Kooks engem grousse Public bekannt ginn a sinn haut, 20 Joer méi spéit, nach ëmmer Welthits.

Den éischten Album vun The Kooks, dee schonn ugeschwaten Inside In/Inside Out, ass am Joer 2006 erauskomm. Et sinn also dëst Joer genee 20 Joer hier, dass hir éischt Plack erauskomm ass. Also e perfekten Timing fir eng Anniversary-Tour ze maachen an dat duerch ganz Europa, ugefaange mat Lëtzebuerg, wat natierlech e besonnesche Moment fir d’Band ass, sou de Sänger Luke Pritchard am RTL-Interview: “The band’s like in a really good space. I haven’t seen the guys for about a month. So I’m quite excited to see the boys as well. And we’re gonna have fun. And Luxembourg, I think it’s like 11 years since we’ve been to Luxembourg. So I’m happy they’re having us back. And we got a new album we’ll play a few songs from. So it’s gonna be exciting for us. We’re playing probably our like 10th European tour after 20 years. That’s pretty amazing. So a lot of gratitude flying around in the camp.”

Interview mam Sänger vun "The Kooks", de Luke Pritchard
D’Band freet sech op de Start vun der Tour, ugefaangen mat Lëtzebuerg.

Ugeschwat un d’Ufankszäite vun der Band, wärend där se och méi dacks zu Lëtzebuerg waren, ënner anerem 2008 um Rock-A-Field, gëtt de Sänger Luke e wéineg nostalgesch: “And I think it was an amazing time for music and Luxembourg seem to really, like, really get the the kind of UK in the scene and it was an exciting time. And so, yeah, I remember it well.And, you know, hopefully, there’ll be some nostalgia people remember.”

Natierlech wäert d’Band probéieren, e Mix vun op der enger Säit neiem Material ze spillen, vue dass en neien Album um Wee ass an awer och eréischt zejoert hire 7. Album “Never-Know” erausbruecht hunn, an awer och Klassiker, déi d’Fans natierlech virun allem op engem Anniversaire erwaarden. E richtege Mix ze fannen, sou de Luke Pritchard, wier bei siwen Albumen awer net sou einfach, et wieren einfach “esou vill Lidder”, déi ee fir eng gutt Setlist op engem Concert kéint benotzen: “We’ve tried to do a lot of the first and second album because it’s our 20th anniversary. So we’re more in the kind of I guess ‘Rolling Stones side of things’ and rather than like the Cure, you know, we’ll play probably the songs that people will expect.”

Virun allem mat Social Media a Spotify kéint een dann och gutt a méi genee erkennen, wat d’Leit fir Preferenzen hätten, wat dat ganzt interessant fir d’Band mécht: “Now you can see some of the deeper cuts that people like. So we’ve put in songs this year, that we haven’t done, some of them we only played once or twice ever. So there’ll be a few of the deeper cuts in there as well.”

Interview mam Sänger vun "The Kooks", de Luke Pritchard
Bei 7 Albumen ass et natierlech schwéier, de richtege Mix beim Choix vun de Lidder fir eng Tour ze fannen.

Niewent der Tour schafft d’Band awer och aktuell un hirem neien Album, iwwert deen nach quasi näischt gewosst ass. Alles “top secret”. E wéineg Informatioune wollte mer dann awer aus dem Luke erauskëddelen an dësen huet eis verroden, dass een elo mol de Summer als Zäitpunkt vum Release géif upeilen. Et hätt ee bis elo eréischt ee Lidd komplett fäerdeg an et wéilt een eréischt méi dovunner mat der Welt deelen, wann den Album “ready” wier. Fans vu psychedelescher Musek aus de 70er Jore kënne sech awer freeën, well déi eng oder aner Inspiratioun aus dësem Genre wäert ee wuel um neien Album vun The Kooks erëmfannen: “And it’s edgier. It’s definitely going a bit edgier, a bit darker than the last album. It’s quite psychedelic. It’s got a kind of psychedelia to it. There’s a harpsichord. It’s got a kind of, it’s rock and roll. It’s a band record, but it’s quite considered, I’ve been quite inspired by the kind of more psychedelic 70s rock and roll. And so that’s peeping in. But we’re early on. So we’ll see how it goes.”

Interview mam Sänger vun "The Kooks", de Luke Pritchard
D’Band verréit eis e wéineg eppes vun hirem neien Album, deen an der Maach ass.

Et wéilt een d’Leit mam neien Album iwwerraschen, eppes dat ee sech sécher ass, dass dat och glécke wäert, och wann d’Leit sech deels d’Fro wéi “Wow, sinn dat wierklech The Kooks?” wäerte stellen. D’Band hëlt domadder natierlech e Risiko a Kaf, ma et hätt ee mam Tony Berg, deen ënner anerem scho mat Kënschtler wéi dem Sombr oder mam Phoebe Bridges zesummegeschafft huet, en extrem gudde Produzent u Bord.

Ob d’Band schonn eppes vun dësem méi experimentellen Album spille wäert, gëtt een dann um Concert en Donneschdeg den Owend an der Rockhal gewuer. Wien nach keen Ticket huet, ka sech säin um Site vun der Rockhal oder vum Atelier nach sécheren.

Back to Top
CIM LOGO