Déi 76. Editioun vun der BerlinaleDen däitsche Filmfestival am Opschwong

Patricia Baum
Et ass eng "Berlinale des Aufschwungs" dat sot den däitsche Staatskulturminister Wolfram Weimer. Et wäert nämlech an Zukunft esou vill Geld an déi däitsch Filmindustrie gestach ginn wéi nach ni.

D’Filmfërderunge solle verduebelt ginn op 250 Milliounen Euro. An d’Streaming-Plattforme solle mat enger gesetzlecher Mindestinvestitiounsquot zu méi Produktiounen an Däitschland beweegt ginn, fir de Marché nach méi ze stäerken. Manner Opschwong gëtt et allerdéngs an der Präsenz vu groussen Hollywood-Staren op der Berlinale. Bei der Erëffnungszeremonie waren zwar vill international Staren aus der Filmzeen vertrueden, ma d’Zuel vun de ganz groussen ass erofgaangen. Wat awer natierlech näischt iwwer d’Qualitéit vun de Filmer, déi op der Berlinale gewise ginn an hir Relevanz ausseet.

D’Berlinale weist sech wéi ëmmer als politesche Festival. Et gi vill politesch Filmer gewisen an och de rouden Teppech gëtt hei ëmmer erëm benotzt, fir politesch Messagen auszedrécken, sief et fir d’Fraerechter, géint Rassismus oder och mat Solidaritéitsaktioune fir den Iran. Doriwwer eraus gëllt d’Berlinale, niewent Cannes a Venedeg zu de gréissten a wichtegste Filmfestivallen an Europa. An ass virun allem de gréisste Publikumsfestival. D’lescht Joer huet d’Berlinale 336.000 verkaaften Tickete gezielt.

Den däitsche Filmfestival am Opschwong
Am Gespréich verréit de Guy Daleiden méi iwwert d’Lëtzebuerguer Co-Produktioune bei der Berlinale.

Déi malaysesch Schauspillerin Michelle Yeoh, déi 2023 en Oscar fir hir Roll am Film “Everything Everywhere All at Once” krut, ass dëst Joer op der Berlinale mam gëllene Éiere-Bier fir hiert Liewenswierk ausgezeechent ginn. An der Course fir de gëllene Bier an der Haaptcompetitioun sinn dëst Joer 22 Filmer. D’Erëffnung vum Festival huet den afghanesche Film “No Good Men” gemaach an domat setzt d’Tricia Tuttle an hirem zweete Joer als Intendantin vun der Berlinale e kloert Zeechen.

Niewent der Competitioun ginn et awer nach vill aner Sektiounen, wou Filmer aus der ganzer Welt gewise ginn, dorënner och dräi Lëtzebuerger Koproduktioune vun der Lëtzebuerger Produktiounsfirma “Amour Fou”. An der Sektioun “Berlinale Special Gala” ass déi éisträichesch, däitsch, lëtzebuergesch Koproduktioun “Die Blutgräfin” mat dobäi vun der Berliner Kultregisseurin Ulrike Ottinger. Ma och de Film “Roya” an “Die Liebhaberinnen” ginn am Kader vun der Berlinale gewisen. Um Lëtzebuerger Owend op der Ambassade zu Berlin huet de Premierminister Luc Frieden a senger Ried dann och betount, wéi wichteg déi richteg Valeuren an dëse politesch onsécheren Zäite sinn, an de Film als Medium och déi Aufgab huet, d’Valeuren ze vertrieden a gesellschaftlech relevant Themen op den Ecran ze bréngen. Nach bis den 22. Februar kann een hei zu Berlin déi ganz verschidde Filmer a Genren entdecken.

Back to Top
CIM LOGO