Tëscht Konscht-Ambitiounen, frustréierter Léift a perséinleche Spannunge, komme verstoppte Konflikter un d’Uewerfläch, déi d’Bezéiungen tëschent deenen eenzele Personnagen op d’Prouf stellen. Esou entsteet déi eng oder aner onangeneem Situatioun, déi d’Stéck zu deem maache, wat et ass. An der Adaptatioun vum Thierry Mousset, déi den Ament am Kasemattentheater a spéider och am CAPE zu Ettelbréck gewise gëtt, gouf sech op véier Personnage beschränkt: D’Nina, de Konstantin, den Trigorin an d’Arkadina. Véier Personnage mat nawell komplexe Bezéiungen. D’Nina, dem Konstantin seng Frëndin, ass nämlech an de Frënd vu genee deem senger Mamm verléift.
Eppes ass sécher. D’Méiw ass alles aneres ewéi langweileg an dat net nëmme wéinst der Geschicht. Eleng mat hire Stëmmen an engem Text bréngen déi 4 Schauspiller op der Bün et nämlech fäerdeg d’Leit voll a ganz an hire Bann ze zéien. De Public gëtt direkt mat an d’Stéck agebonnen a gouf och déi eng oder aner Kéier zum Laache bruecht Theme wéi Léift, Unerkennung an Einsamkeet, déi een ëmmer nees am Chekhov sengen Texter erëm fënnt sinn an dëser Lëtzebuergescher Adaptatioun als zeenesch Liesung verpaakt. Dat heescht, dass net wéi bei engem klasseschen Theaterstéck op der Bün am Stoe gespillt, gëtt, mee d’Schauspiller sëtzen op engem laangen Dësch, ouni vill Dekor, just mam Text viru sech an droen dëse schauspilleresch fir. Esou ass der Fantasie fräie Raum gelooss, fir sech individuell ze entfalen, sieft et säitens dem Public, oder de Schauspiller.
Et ass awer op kee Fall mat engem Lauschter-Buch zu vergläichen. Och wann d’Schauspiller “just” en Text virdroen, ass dat Ganzt awer trotzdeem en aussergewéinlecht Erliefnis, wat et derwäert ass de Wee bis an den Theater ze goen. Kucke kann een d’Méiw nach de 26. Februar am Kasemattentheater, oder de 5. a 6. Mäerz am Cape zu Ettelbréck.