Rencontres d'ArlesDéi 10. Editioun vu Lëtz Arles mam Edward Steichen a Lisa Oppenheim

Isabelle Gillen
An der südfranséischer Stad Arles geet de Fotografie-Festival „Rencontres d’Arles“ an déi 57. Editioun. Zanter 10 Joer mécht d’Association Lëtz Arles och all Joer um Festival mat. Fir dee ronne Gebuertsdag elo ze feieren kritt een dës Kéier eng komplementär Ausstellung vum Edward Steichen a Lisa Oppenheim ze gesin.
Rencontres d'Arles
Déi 10. Editioun vu Lëtz Arles mam Edward Steichen a Lisa Oppenheim

Lëtzebuerg fënnt dëst Joer op de Rencontres d’Arles net méi wéi gewinnt an der Chapelle seng Platz, mee dofir an der Mécanique Générale. Hei huelen elo den Edward Steichen an d’Lisa Oppenheim Platz fir eng Ausstellung ze presentéieren, déi sech mat der Roll vun der Natur an der Fotografie auserneesetzt.

„La Nature d’Edward Steichen“ mécht een Deel vun dëser Ausstellung aus, déi 80 Fotoen, Dokumenter an och eng Molerei vum 1973 verstuerwenen Amerikanesch-Lëtzebuergesche Fotograf weist. Dëst stamen zum Deel aus dem Nationalmusée, dem CNA, der Kollektioun vu Rencontres d’Arles am Estate of Edward Steichen. Dobäi sinn och e puer Wierker, déi nach ni engem Public presentéiert goufen.

D’Lisa Oppenheim beschäftegt sech gläichzäiteg a senger Expo mam Titel „Monsieur Steichen“ mat de manner bekannte Praktike vum Edward Steichen a versicht d’Relatioun tëschent der Fotografie an der Natur ze analyséieren. Dofir huet d’Fotografin Recherchen zu Lëtzebuerg an Amerika duerchgefouert. An enger änlecher Form gouf dës Ausstellung och schonn 2025 am Mudam gewisen.

De Fotografie-Festival Rencontres d’Arles an der Franséischer Kënschtlerstad leeft nach bis de 4. Oktober.

Back to Top
CIM LOGO