Mat 11 Joer virum Grand-Duc gespillt"Ech ka spillen, spillen, spillen - ouni ze stoppen"

Lea Schwartz
Nationalfeierdag ass de Publikum opgestanen - Standing Ovation fir dat 11 Joer alt Eloisa Aubert, dat mat senger Gei begeeschtert huet. Een Optrëtt hannert deem vill Aarbecht stécht, awer och Talent an een Entourage, deen un d'Eloisa gleeft.
Star bei Zeremonie an der Philharmonie: Solistin Eloïse-Marie Aubert am Portrait
Déi 12 Joer jonk Eloïse-Marie Aubert huet als Solistin mat hirer Gei mam 3. Saz vum Mendelssohn sengem Concerto fir Gei en mi mineur de ganze Sall faszinéiert.

Mëttlerweil ass d'Eloisa 12 Joer al, viru Kuerzem huet hatt Gebuertsdag gefeiert. Hatt ass elo an engem 6. Schouljoer an enger Primaireschoul am Süde vum Land. D'nächst Joer wäert hatt op d'Internation School Gaston Thorn goen. Seng grouss Leidenschaft ass d'Musek an dat scho vu ganz Klengem un. Mat véier Joer huet hatt ugefaange Gei ze spillen, inspiréiert duerch dee méi ale Brudder. "Mäi Brudder huet ugefaange Gei ze spillen, an de Proff ass heemkomm ëmmer fir mat him ze prouwen, an do hat ech, säit ech zwee Joer al war, all déi Kueren nogekuckt. An do wollt ech och Gei spillen", erkläert d'Eloisa.

Méi wéi just "an d'Wéi geluecht"

Seng ganz Famill ass musikalesch, jidderee spillt Instrumenter. Dem Eloisa seng Mamm, d'Alla Aubert-Tolkacheva, ass Mandolinn-Proff an enger Museksschoul. Si erënnert sech souguer drun, dass et vläicht souguer éischter ugefaangen huet: "Ugefaangen nach viru senger Gebuert, ech war schwanger mat him an hunn eng CD opgeholl an do war hatt am Bauch. Do hatt hat seng éischt Approche mat der Musek." D'Eloisa seet selwer, dass hatt gäre wéilt professionell Violonistin ginn. Seng Elteren ënnerstëtzen hatt dobäi. Hatt spillt och nach Piano. Gei bleift awer seng grouss Leidenschaft: "D'Gei ass wierklech eppes, wat ech net kann ophalen ze spillen. Dat heescht ech ka spillen, spillen, spillen - ouni ze stoppen."

Eng Mëschung aus Talent an haarder Aarbecht

Esou séier esou gutt ze sinn, dohannert stécht Talent - awer net just. Dat weess och d'Vania Lecuit, dem Eloisa seng Geieproff. Si schaffe schonn zesummen, zanterdeem d'Eloisa fënnef Joer al ass. "Et ass wierklech ee Wansinnstalent", seet d'Vania Lecuit an ënnersträicht awer och, dass ganz vill geprouft gëtt.

Si hunn zesummen d'Concourse vum Premier Cycle, 2. Mentioun, 2ième Cycle, den 2. an 1. Präis gemaach. D'nächst Schouljoer mécht d'Eloisa Aubert de Superieur. Dräi mol d'Woch ass d'Eloisa am Conservatoire. Doheem üübt hatt och vill an hatt geet och, begleet vu senger Mam, op Concoursen.

Mat 7 Joer huet hatt déi éischte Kéier den UGDA-Concours fir jonk Talenter gewonnen. Zanter deem war hatt op ronn 20 Concoursen - national an international. Am Ausland misst hatt sech géint international Museker behaapten an konnt och dacks gewannen. Zum Beispill an Tschechien, der Schwäiz, Schweden a Spuenien. Wann d'Konkurrenz staark ass, gefält him de Concours souguer nach besser. D'lescht Joer huet hatt och de Concours "Goldene Note" an Éisträich gewonnen. De Concours vun der UGDA huet hatt scho véier mol gewonnen.

"Hatt iert sech net"

Mam Optrëtt an der Philharmonie ass iwwregens een Dram fir d'Eloisa an Erfëllung gaangen. Seng Mamm erzielt eis, dass hatt sech dat am Januar op seng Wonschlëscht geschriwwen huet, fir eng Kéier am grousse Sall kënnen ze spillen. "Op Nationalfeierdag ze spille war wierklech ganz cool an ech war ganz frou", seet d'Eloisa.

Wéi dem Eloisa seng Geieproff, d'Vania Lecuit, gefrot gi war, ob d'Eloisa den Optrëtt fir Nationalfeierdag kéint maachen, huet si net misste laang iwwerleeën: "Dat war ee schwéieren Optrëtt, deen hatt do huet misste maache virum Grand-Duc an dat huet och net dierfte schif goen. Dat ass ee grousse Risiko, dat kann ëmmer geschéien, awer beim Eloisa... hatt iert sech net. Ech gouf gefrot : Kënne mir him vertrauen, bass du sécher? An ech sot: Jo, ech si sécher, dir kënnt ëm vertrauen."

D'Eloisa spillt Gei, Piano, moolt a bastelt gären, spillt mam Mupp Foxy a fiert Rollerblades.
D'Eloisa spillt Gei, Piano, moolt a bastelt gären, spillt mam Mupp Foxy a fiert Rollerblades.
© RTL Lëtzebuerg

Selwer lauschtert hatt am léifsten Jazz a klassesch Musek. Hatt spillt och nach gäre mam Familjemupp Foxy, bastelt a moolt gären a fiert Rollerblades.

Back to Top
CIM LOGO