Ausstellung "Keine Bilder zum Träumen" D'Vermiechtnes vum Marie-Claude Deffarge a Gordian Troeller

Sandy Elsen
Subjektiv, engagéiert a kritesch – sou hat d’Journalisten-Team aus der ganzer Welt beriicht.
"Keine Bilder zum Träumen" Am Pomhouse zu Diddeleng
D'Ausstellung "Marie-Claude Deffarge & Gordian Troeller: Keine Bilder zum Träumen"

Ënnert dem Motto “Keine Bilder zum Träumen” gëtt d’Ausstellung am Pomhouse dem Public en Abléck an dat journalistescht Wierk an d’Aarbechtsmanéier vum Marie-Claude Deffarge an dem Gordian Troeller. Dat mat Fotoen, Documentairen a Reportagen, déi si ënnert anerem fir de STERN a fir Radio Bremen realiséiert haten. Wierker, déi tëscht 1950 a 1990 entstane sinn an déi an dëser Zäit zu groussen Debatten iwwer Entwécklungshëllef, Revolutiounen a Feminismus bäigedroen hunn.

Hir Reportagen a Filmer waren ni neutral an objektiv, ma ëmmer subjektiv, radikal sozial-politesch a net selte kontrovers. Mat hirer Aarbecht hu si dem Westen de Spigel virgehalen. Am Groussdeel vun hiren Documentairen hu si déi katastrophal Konsequenze vun der europäescher Kolonialherrschaft analyséiert an déi patriarchal Strukturen, déi weltwäit fir Ënnerdréckung an Ausbeutung verantwortlech sinn.

D’Ausstellung am Pomhouse ass eng Adaptatioun vun enger grousser Retrospektiv, déi 2024 am Kader vum 100. Gebuertsdag vum Marie-Claude Deffarge am Museum Folkwang zu Essen gewise gouf. Fir den CNA gouf dorauser eng Selektioun vu Wierker gemaach an et ass ee ganz neien Deel bäikomm, dee sech op de Lëtzebuerger Gordian Troeller, gebuer als Charles Troeller fokusséiert. Dësen hat sech scho fréi fir international politesch Konflikter interesséiert. Mat 17 Joer hat hien am spuenesche Biergerkrich géint de Franco gekämpft. Wärend dem Zweete Weltkrich hat hien zu Lissabon fir den hollännesche Geheimdéngscht geschafft an hien hat gehollef Fluchtrouten fir NS-Verfollegter ze organiséieren.

De Paul Lesch hat de Gordian Troeller 1987 a 1988 fir d’Revue am Interview an huet fir dës Ausstellung um Volet iwwer säi Bezuch zu Lëtzebuerg matgeschafft.

„Vu datt e fir ganz vill komplex Situatiounen ëmmer eng Léisung fonnt huet, krut en am franséiche Maquis de Spëtznumm “Gordian”, als Referenz op de gordesche Knuet. Dat heescht hien huet Solutioune fonnt fir Situatioune, wou ee konnt mengen „do gëtt et keng Solutioun “. Hie war ee ganz feine Mann, dee ganz kloer Iddien hat wat och d’Responsabilitéite vum Westen par rapport zu der Drëtter Welt waren a nach ëmmer sinn.”

Nach bis de 27. September kann een d’Ausstellung “Keine Bilder zum Träumen” am Pomhouse gesinn.

Eng Ofwandlung vun dëser Retrospektiv gëtt et, zanter dem 6. Juli a bis de 4. Oktober, am Kader vun de Rencontres de la photographie zu Arles ze entdecken.

Back to Top
CIM LOGO