
Fir de Claude Mangen wier et e gudden Zäitpunkt, och duerch de Chantier deen nächst Joer ufänkt: "Den Theater huet mech geléiert iwwer all déi Joren op der Bün ze sinn, present ze sinn, alles ze ginn. A soubal een da vun der Bün erofgeet, léisst ee lass, dann ass ee fäerdeg domadder. An esou empfannen ech dat och."
2019/2020 war déi seng éischt Saison zu Miersch. Am Mäerz 2020 koum dunn d'Pandemie an den Direkter hat d'Gefill net richteg unzekommen oder lass kënnen ze leeën. Wat awer nach bal méi schlëmm war, waren déi schro Iwwerschwemmungen d'Joer drop:
"Dee ganze Souterrain vum Kulturhaus stoung ënner Waasser. Mir haten zwee Méint kee Stroum. Mir hunn eis ganz Technique missen erneieren. Och dat war e grousse Challenge."
De Journalist stoung ganz vill op der Bün bis Mëtt 90er Joren, du quasi ausschliisslech virun der Bün, wou e Regie gefouert huet:
"Also ech brauch d'Bün net. Dat kléngt e bësse komesch, mee et si Schauspillerkolleegen oder Kolleeginnen, déi Owes opgi wéi Kuchdeeg, wa se op der Bün stinn. Ech prouwe gär an ech hunn och nach gär eng Première. Awer dann zéngmol spillen, dat ass schonn e bëssen ustrengend."
Houfreg ass de Claude Mangen ënnert anerem driwwer datt den Theater-Magazin Carisma agefouert gouf, mat deem d'Aarbecht déi zu Miersch gemaach gëtt dokumentéiert an en Valeur gesat gëtt. Et wier eng Méiglechkeet gewiescht, seng Passioun vum Theater mat där vun de Medien ze verbannen. Méi global op den Theater zu Lëtzebuerg gekuckt, wier eng ganz positiv Entwécklung déi, datt erëm fir den Theater geschriwwe gëtt:
"Ech hunn ugefaangen an där Zäit, wou ganz, ganz vill Theaterauteure waren. Bon, ugefaangen natierlech mam Pol Greisch, mam Nico Helminger, mam Guy Rewenig. An dunn op eng Kéier koum esou eng Phas, wou guer kee méi fir den Theater geschriwwen huet. Déi Zäit, huet de Film éischter dominéiert. An dat ass awer ganz spannend ze gesinn, dass et elo wierklech bal all Saison dräi oder véier Uropféierung vu Lëtzebuerger Schrëftsteller a Schrëftstellerinne gëtt."
Hien hätt bis elo alles mat Leidenschaft gemaach a mengt dofir och e passionéierte Rentner ze ginn:
"Ech fannen et ass och de Moment, fir sech mat senger, ech soen, mol, Bedeitungslosegkeet auserneen ze setzen, fir ze soen, voilà, ech war aktiv an där Zäit an elo spillen ech keng Roll méi. Voilà, an dat ass esou. An dat ware Fakten, déi hues de geschaaft, do hues de Saache konnten hëllefen, bewierken an dat ass schéin, mee do ass en neie Moment an, ech muss och soen, ech freeë mech awer och drop, Saachen ze maachen, fir déi ech mol Zäit hunn. Alles, wats de quasi an deene leschte 40 Joer gemaach hunn, ass, ech soe mol, en urgence geschitt."
De Claude Mangen wëll sech virop mol bëssen zréckzéien. Awer weider e Kreative bleift der Bün erhalen a spillt nächst Joer am Jean-Michel Treinen senger Macbeth-Inszenéierung mam Titel "Mäcbess" mat.