Et ass eng Aarbecht, déi scho laang virun der Première vun engem Theaterstéck ufänkt a sech hannert de Kulissen, wäit fort vun der grousser Bün, ofspillt. An awer ass et dat éischt, wat engem Spectateur - bewosst oder onbewosst - an d'Ae fält, wa sech de Rideau hieft an déi éischt Zeen agelaut gëtt. D'Kostümer vun de Schauspiller an engem Theaterstéck sinn ee wichtegen Deel vun der Inzenéierung.
De Kostüm gëtt engem Personnage Liewen, gëtt subtil Informatiounen iwwer d'Geschicht, d'Psychologie, de soziale Status vun enger Persoun oder a wéi enger Zäit eppes spillt. Et hëlleft och dem Schauspiller oder der Schauspillerin sech an d'Roll eran ze fannen. D'Formen, d'Faarwen, d'Materialien an och d'Gewiicht vun engem Kostüm beaflossen d'Spill vun den Acteuren.

A responsabel fir den Atelier fir d'Kostümer am Nationaltheater ass d'Denise Schumann. D'Couturière mécht dës Aarbecht zanter 23 Joer. Net allkéiers muss ee Kostüm komplett nei hiergestallt ginn. Den Nationaltheater huet ee risege Stock u Kleeder aus Theaterstécker aus de leschte 25 Joer. Iwwer 4.000 Kostümer sinn do gelagert. Et ass eng Aart Archiv an notzt der Denise Schumann dacks och als Inspiratioun.

Si schafft no den Iddie vun de Costumièren oder de Regisseure vun de Stécker. Eng zéng verschidden Theaterstécker mécht si d'Joer. Am Duerchschnëtt kritt all Schauspiller zwee Kostümer pro Stéck. An déi sollen net just d'Inzenéierung ënnerstëtzen, mee mussen och funktionell sinn. Dozou kann och mol zielen, dass een d'Kleedung ganz séier wiessele muss.
"Fir déi séier Wiessel muss den Acteur oder d'Actrice séier hanner d'Bün lafen. Do stinn dann d'Habilleusen an déi eng deet aus, déi aner deet un. Si setze sech vläicht nach séier op de Stull fir nach d'Schong ze wiesselen. An da muss ee scho rëm eraus", erzielt d'Denise Schumann. Wärend enger Theateropféierung kann et hannert de Kulisse stresseg ginn. "Dat sinn heiansdo 20 Sekonnen, da musse mir ee Kostüm gewiesselt hunn. Dofir huele mir oft eng Knicks oder eng Tirette, wou ee soss vläicht géif Knäpp maachen. Wat mir dann awer evitéieren, well et net séier genuch ka goen." Mol entwërft d'Denise Schumann ee Kostüm selwer, mol ännert si ee Kleedungsstéck, dat scho mol benotzt gouf, dass et och fir een neit Theaterstéck passt.
Wa sech am Theater d'Rideauen hiewen an een Theaterstéck gespillt gëtt, muss alles stëmmen: net just d'Leeschtung vun de Schauspiller, d'Qualitéit vun den Dialogen, d'Bünebild, mee eben och d'Kostümer. All Puzzlestéck dréit säin Deel dozou bäi, dass den Zuschauer an d'Geschicht vum Theaterstéck andauche kann.