Net just um Kierchbierg trieden an den nächsten Deeg a Woche grouss international Museker op, och zu Wolz kritt de Public sou munches am Kader vum "Festival de Wilz" gebueden. Zu den Highlights huet do definitiv de Concert en Donneschdeg den Owend, 2. Juli, vum Keanu Reeves senger Band "Dogstar" gehéiert. Mat hirem fonkelneien Album "All In Now" si si dëse Summer op sëllege Festivallen uechtert Europa op Tournée. De Concert zu Wolz am wonnerschéine Kader vum Amphitheater war dofir eng ideal Geleeënheet, si vu ganz no ze gesinn an e gutt Stéck méi intim ze erliewen.
Dogstar ass eng kalifornesch Band, déi Enn vun den 1990er Jore bis zum Ufank vun den 2000er Joren aktiv war. D'alternativ Rock-Band vu Los Angeles war viru bal 30 Joer an der kalifornescher Musekszeen respektéiert. Weezer a Rancid haten zum Beispill hiren éischte Concert als Virgrupp vun Dogstar. Dogstar dat sinn: De Robert Mailhouse un der Batterie, de Bret Domrome um Gesang an un der Gittar; an zënterhier ganz wichteg am Buzz ronderëm dës Band, de Keanu Reeves um Bass. D'Renommée vum Hollywood-Acteur zitt weltwäit Interessi fir d'Formatioun un, déi sech wärend der Pandemie erëm zesummegedoen a fir eng Performance um "BottleRock Napa Valley Music Festival" am Mee 2023 reforméiert hat.
Den Optrëtt um Festival zu Wolz en Donneschdeg war iwwerdeem och net den éischte Concert zu Lëtzebuerg. Fir d'lescht huet d'Band den 9. Juni 2024 an der Rockhal fir gutt Stëmmung gesuergt.
Wéi eng Concerten ënnert anerem nach um Programm stinn zu Lëtzebuerg, fannt Dir an eisem Artikel: