Moby am NeimënsterEng Rees tëscht Elektronik an Emotiounen

Claudia Kollwelter
De Moby zielt zu de bekanntste Museker am Beräich vun der elektronescher Musek a gëllt als Pionéier vum Techno, Ambient an Electronica. E Freideg den Owend huet hien dat an der Abtei Neimënster ënner Beweis gestallt.

Wann de Moby op der Bün steet da geet et net just ëm elektronesch Musek. Seng Concerte si bekannt fir hir besonnesch Atmosphär, an där hypnotesch Beats, méi roueg Melodien an eng intensiv Stëmmung openeentreffen. A genee dat war och um Freideg den Owend am Neimënster de Fall. De Concert, dee vum Atelier organiséiert gouf, war séier no der Annonce ausverkaaft an de Parvis e Freideg den Owend am Gronn war virun allem vun enger Generatioun gefëllt, déi mam Moby grouss ginn ass. Déi 60 Joer, déi de Museker antëscht huet, dee mat biergerlechem Numm Richard Melville Hall heescht, mierkt een him definitiv net un. Vun der éischter Sekonn un ass en enorm present op der Bün, leeft vu lénks no riets a sicht de Kontakt mat sengem Publikum.

D'Lidder klénge Live net wéi eng einfach Kopie vun den Album-Versioune mee kréien duerch d'Instrumenter a virun allem d'Sängerinnen eng nei Dynamik. Doduerch datt verschidden Tracks deels komplett vun de weibleche Soul-Stëmme gesonge goufe krut de Public en ofwiesslungsräiche Concert gebueden.

Puer mol huet de Moby sech un de Public adresséiert, haaptsächlech fir widderhuelt Merci ze soen oder awer Themen unzeschwätzen, déi ëm wichteg sinn. Den Déiereschutz-Aktivist a jorelaange Veganer huet dat ganzt awer op eng ganz sympathesch a net opdränglech Manéier gemaach, ouni vun der Musek ofzelenken.

Och d'visuell Projektiounen an d'Beliichtung hunn net ofgelenkt, mee sech villméi un d'Musek ugepasst an déi zousätzlech ënnerstrach. Wat et méi däischter ginn ass, wat déi ganz Ambiance ëmmer méi intensiv gouf.

Deck annerhallef Stonn laang koumen déi 2.500 Leit am Neimënster an de Genoss vun de gréissten Hits vum Moby wéi "Why Does My Heart Feel So Bad?", "Natural Blues" oder "Porcelain". Musek, déi gläichzäiteg nostalgesch wéi och zäitlos wierkt. Obschonn et bei de leschte Lidder puer vereenzelt Stéierungen am Sound goufen, huet dat dem gudde Vibe näischt ofgedoen. Als Ofschloss gouf dunn nach eemol sou richteg gedanzt, well wéi de Moby et selwer virum leschte Song annoncéiert huet, stécht an him net just e fréiere Punk, Déiereschützer a Veganer, mee och e Raver. ("In my heart I'm still a little raver"). De Museker huet kloer bewisen, wisou hie sech zanter den 90er Joren als ee vun de wichtegste Kënschtler an der elektronescher Musekswelt etabléiert huet an dem Lëtzebuerger Public virun der wonnerschéiner Kuliss am Neimënster e geniale Concert ofgeliwwert.

Déi komplett Setlist vum Concert

Bodyrock // In My Heart // Go // Next Is the E // In This World // We Are All Made of Stars // Heroes (David Bowie Cover)// Why Does My Heart Feel So Bad? // Raining Again // Disco Lies // Machete // Flower/Find My Baby // Honey // Extreme Ways // Natural Blues // Porcelain // Lift Me Up // Feeling So Real

Back to Top
CIM LOGO