60. Editioun vum OFF-Festival zu AvignonDräi Lëtzebuerger Produktioune stinn um Programm

Sandy Elsen
"Une Rose plus rouge", "Les Glaces" a "Les jours de la lune" sinn d'Lëtzebuerger Theater-Kreatiounen, déi tëscht dem 4. an dem 25. Juli zu Avignon ze gesi sinn.
Festival OFF Avignon 2026
3 Lëtzebuerger Produktioune stinn um Programm Festival OFF.

Theater, Danz, Musek, Zirkus..., ëm déi 7.000 Artisten aus Frankräich an der ganzer Welt wäerten dëse Mount nees d'Stroossen an d'Theatere vun Avignon bespillen an déi südfranséisch Stad an ee reegelrechten Ausnamezoustand versetzen. Wien hei wëll dobäi sinn an de Public vu senger Kreatioun iwwerzeege wëll, muss ganz gutt preparéiert sinn. Dat wëssen och d'Regisseurin Christine Muller an hir Ekipp. Viru genee engem Mount hate mir si am Kapuzinertheater getraff, wou si - eng leschte Kéier virum Festival OFF - hiert Stéck "Une Rose plus rouge" opgefouert haten.

Dëst ass eng fräi Adaptatioun vun der Bande-Dessinée "La rose la plus rouge s’épanouit" vun der schweedescher Schrëftstellerin Liv Strömquist. D'Theaterstéck, wéi och de Comic, gi follgender Fro no: Gëtt Léift hautzedaags, mat all den Dating Apps, mam "Ghosting" a Co., ëmmer méi seelen?

Ganzer 16 Mol gëtt "Une Rose plus rouge", eng Produktioun vum TNL an dem Libeski Kollektiv, zu Avignon opgefouert an dat an 18 Deeg. Dee strammem Zäitplang vum OFF-Festival ass nawell ee groussen Defi. Quasi am Accord gi sech d'Compagnien an deene villen Theateren d‘Klensch an d‘Hand. Grad eemol 30 Minutten huet all Ekipp, fir hiren Dekor opzeriichten a sech virzebereeden.

Dat ultimatiivt Zil vun enger Participatioun zu Avignon ass et, fir sou vill wéi méiglech Programmateuren a Programmatrice fir seng eege Kreatioun ze begeeschteren, esou dass dës spéider kann op Tournée goen. Ma natierlech geet et och dorëms, wichteg Themen un ee méiglechst breede Public ze bréngen.

"Les Glaces" geet eescht Theemen un

Déi zweet Lëtzebuerger Kreatioun, déi Lëtzebuerg bei der 60. Editioun vum Festival OFF vertrëtt, ass "Les Glaces", inzenéiert vum Sophie Langevin. Wéi d'Noémie gewuer gëtt, dass hire Jong der Vergewaltegung beschëllegt gëtt, gëtt si vun hirer eegener, verdrängter Vergaangenheet ageholl. Si gouf selwer an hirer Jugend vun zwee Frënn, dem Vincent an dem Sébastien, vergewaltegt. D'Dot vun hirem Bouf bréngt si dozou, bal 25 Joer méi spéit, hir Täter zur Ried ze stellen. D'Stéck, dat op engem Text vun der kanadescher Autorin Rébecca Déraspe baséiert an dat bei de Lëtzebuerger Bünepräisser 2025 als bescht Produktioun ausgezeechent gouf, brécht mat de Stereotyppe ronderëm sexuelle Mëssbrauch.

Am Oktober 2024 war "Les Glaces" - eng Co-Produktioun vum Escher Theater an der Compagnie JUNCTiO – zu Lëtzebuerg ze gesinn. Méi wéi annerhalleft Joer stoung d'Ekipp ëm d'Sophie Langevin bis zur Virbereedungsphas fir Avignon also net méi zesummen op der Bün. Eng Phas, déi immens intensiv an och erausfuerderend war an dat net just, well eng vun den Haaptrollen huet missen nei besat ginn.

D'Regisseurin ass immens houfreg doriwwer, dass och dëst Joer nees ee Stéck vun hirer Compagnie zu der offizieller Selektioun vu Lëtzebuerg gehéiert. Réischt d'lescht Joer stoung hir Kreatioun "Ce que j'appelle oubli" um Programm vum Festival OFF. Ma ob OFF oder offiziellen IN, de Festival vun Avignon bitt de Produktiounen an hire Kënschtler eng exzeptionell Vitrinn.

En Tabuthema kritt d'Bün gebueden

Déi drëtt Produktioun, déi vum Selektiounscomité vu Kultur | lx ausgewielt gouf, fir Lëtzebuerg um Festival OFF vun Avignon ze vertrieden, nennt sech "Les jours de la lune". Een Theaterstéck, dat vum Francesco Mormino geschriwwen a vum Renelde Pierlot inzenéiert ass.

Et geet ëm déi natierlechste Saach vun der Welt a gläichzäiteg e groussen Tabu: nämlech d'Menstruatioun.

D'Zil vun dëser Kreatioun ass et, Erfarungen ze deelen, een historescht Verständnis opzebauen a virun allem oppen an onverblimmt iwwer dee weiblechen Zyklus mat all sengen Ups and Downs ze schwätzen, soit mam Tabu ëm d'Reegel ze briechen.

Dës Kreatioun - eng Co-Produktioun vum Escher Theater, der Compagnie Ochsenblut an der Compagnie Du Grand Boube - huet fir de Festival artistesch, wéi och technesch vill missen ugepasst ginn. Zum Beispill ass d'Stéck fir d'Opféierungen am Théâtre Transversal zu Avignon ëm ganzer 30 Minutte gekierzt ginn.

Fir d'Renelde Pierlot gëtt dëse Mount iwwregens extra sportlech. Si ass nämlech net just als Regisseurin vun "Les jours de la lune" ma och als Schauspillerin a "Les Glaces" um Festival OFF aktiv.

Bis de 25. Juli leeft de Festival OFF zu Avignon, op deem een dës dräi Lëtzebuerger Produktiounen, sou wéi ronn 1.800 aner Spektakelen entdecke kann. De ganze Programm vum Festival fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO