De Kënschtler Jonas Ademes huet de Concours, fir d'Monument zu Éiere vum fréiere Grand-Duc Jean ze gestalten, fir sech entscheet. Dat deelt de Staatsministère mat.
D'Bronzeskulptur soll am Parc Pescatore opgestallt ginn an de Grand-Duc Jean an ziviller Kleedung weisen. Der Jury no iwwerzeegt de Projet duerch seng kënschtleresch Qualitéit an déi mënschlech Duerstellung vum fréiere Staatschef.
D'Skulptur gëtt am Beräich vum Parc Pescatore, tëscht der Fondation Pescatore an dem Panoramalift opgestallt. Si wäert a Richtung Park orientéiert sinn a mat Bléck op den Eecher Bierg, d'Dräi Eechelen, de Mudam – Musée d'Art moderne Grand-Duc Jean an de Kierchbierg am Hannergrond.
De Jonas Ademes, deen aus Däitschland (méi genee vu Bitburg) kënnt a familiär Wuerzelen zu Lëtzebuerg huet, soll d'Monument an de kommende Méint ëmsetzen. Hie soll enk Lienen mam Grand-Duc gehat hunn. D'Aweiung ass fir Mëtt 2027 geplangt.
Säi Projet géif sech duerch seng Mënschlechkeet vun aneren ënnerscheeden a géif de Grand-Duc eben net als Staatschef weisen, mä als de Mënsch hannendrun.