Barrage am FuttballNo Verlängerung: Biwer steigt no 4:1-Victoire géint d'Fiels an déi 1. Divisioun op

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Mëtteg war et zu Jonglënster d'Suite vun de Barragematcher am Futtball.

E Sonndeg de Mëtteg gouf zu Jonglënster um 15 Auer e weidere Barragematch ugepaff. Um Terrain stoungen sech virun 1530 Spectateuren d'Fiels a Biwer géigeniwwer. Fir d'Fiels ass et drëms gaangen an der 1. Divisioun ze bleiwen, iwwerdeems Biwer den Opstig wollt realiséieren. D'Ekipp aus der 2. Divisioun hat dann och méi Spillundeeler, déi besser Chancen, eenzeg virum Gol sollt d'Effizienz feelen. An der 80. Minutt huet Fiels et besser gemaach an ass duerch de Miranda glécklech mat 1:0 a Féierung gaangen. Nëmme 4 Minutte méi spéit sollt Biwer per Eelefmeter de verdéngten Ausgläich a Persoun vum Nils Amberg markéieren. An der 5. Minutt vun der Nospillzäit hat den Nils Amberg déi 100 % Chance op den 2:1, säi Schoss sollt aus knapp 11 Meter awer iwwert de Gol goen, sou dass béid Ekippen an d'Verlängerung hu misse goen.

Biwer ass an der Verlängerung um Drécker bliwwen an huet virum Gol dat gemaach wat en 90 Minutte virun net gemaach huet: d'Chancen notzen. Bannent 7 Minutte konnt d'Jeunesse Biwer ganzer 3 Goler markéieren an huet de Match domat fréizäiteg entscheet. Et gewënnt e mat 4:1 n.V. géint d'Fiels.

Biwer steigt deemno an déi 1. Divisioun op, iwwerdeems d'Fiels de Gang an déi 2. Divisioun muss untrieden.

Weider Detailer zum Match

AS Rupensia Lusitanos Fiels - Jeunesse Biwer 1:4 n.V.

1:0 Miranda (79'), 1:1 Amberg (84'), 1:2 Groben (91'), 1:3 Soares (Selbstgol, 95'), 1:4 Amberg (97')

Back to Top
CIM LOGO