D'Squatfabrik zu Esch: Residenzprogramm an der KulturfabrikDräi Kënschtler-Duoe schaffe fir jeeweils ee Mount an der Kufa un neie Wierker

Patricia Baum
Aktuell schaffen d’Aurélie, d’Incau an d’Hiên Hoàng an der Squatfabrik.
Kënschtlerresidenz zu Esch
D'Squatfabrik bidd de Kënschtler, iwwert eng kuerz Zäit, Raum fir nei Kreatiounen a Collaboratiounen.

Wou fréier geschluecht gouf, gëtt haut nei Konscht kreéiert. D’Squatfabrik ass eng Residenz fir ze recherchéieren a virun allem ze experimentéieren. 4 Woche laang hu si all Fräiheeten, fir un hire Projeten ze schaffen an dat ouni Drock fäerdeg Resultater liwweren ze mussen.

Déi Lëtzebuerger Kënschtlerin Aurélie d’Incau schafft wärend dëser Residenz un hirem Projet "Liewen" weider. Eng Kollaboratioun mat hirer Mamm, déi si viru 4 Joer gestart hunn an déi lo nach méi en universelle Charakter kréie soll. De roude Fuedem vun dësem Projet ass hir gedeelte Léift zur Handwierkskonscht. Virun allem zu där, déi traditionell vu Mamm zu Duechter weidergi gëtt, wéi d'Broderie, d'Bitzen oder d'Strécken.

Ugefaangen huet alles mat der Krankheetsdiagnos vun hirer Mamm: Bluttkriibs. Och d'Aurélie d'Incau huet missen ee Wee fannen, fir dës Diagnos an déi nei Realitéit verschaffen ze kënnen, fir "deen emotionale Knuet léisen ze kënnen, deen op eemol alles blockéiert hat", sou d'Kënschtlerin.

An dësem Projet a generell an der Aurélie d’Incau hirer Konschtpraxis geet et vill ëm d’Spill, net just als lëschteg Ënnerhalungsform, ma och a virun allem als Manéier fir mat der Welt ze interagéieren an och Negatives ze verschaffen.

D'Aurelie d’Incau erhofft sech an deenen nächste Méint Workshoppe mat anere Kriibs-Betraffene maachen ze kënnen. Workshoppen, an deene ee Geschichten an Erfarungen deelen an och zesumme Neies kreéiere kann.

Un engem ganz anere Projet schafft déi vietnameesesch interdisziplinär Kënschtlerin Hiên Hoàng. Hir Aarbecht beweegt sech tëscht Konscht, Ekologie, a Materialfuerschung. Duerch verschidde Medien erfuerscht si, wéi Matière, ob lieweg oder net, Erënnerungen an Traumaen späichert. An hire virege Recherchen huet si sech vill mam ekologeschen Trauma an de Post-Agent Orange-Landschaften an hirem Heemechtsland Vietnam beschäftegt.

Wärend dem Vietnamkrich, deen den 30. Abrëll 1975 op en Enn gaange war, haten d’USA an hir Alliéiert ëm déi 80 Millioune Liter Herbiziden als Chemiewaff groussflächeg iwwer d'Land verspréit. Ongeféier d'Hallschent dovunner war d'Mëttel Agent Orange, dat ënnert anerem aus héichgëftegem Dioxin besteet. Haut, méi wéi 50 Joer méi spéit, si vill Biedem, virun allem am Südvietnam ëmmer staark verseucht.

Hei zu Lëtzebuerg interesséiert si sech fir d'Spueren, déi d'Eisen- a Stolproduktioun hannerlooss huet.

"Wéi ech heihi komm sinn an ech sinn alles iwwer d’Geschicht vu Lëtzebuerg a vun dëser Regioun gewuer ginn, iwwer d’Eisen- a Stolindustrie, dunn hunn ech eng staark Verbindung zu mengem Wierk gespuert. Ech wollt onbedéngt hei schaffen, an déi Geschicht andauchen an d’Spueren ënnert d’Lupp huelen, déi se am Steen, am Eisen an an der Landschaft hei hannerlooss huet", sou d'Kënschtlerin.

Inspiréiert vun z.B. Objeten aus der industrieller Vergaangenheet, déi si ënnert anerem am FerroForum zu Esch, dem Zentrum fir Eisekultur fënnt, zeechent si, mol einfach op wäisse Pabeier, mol op Archivfotografien - an dat net just mam Pinsel.

An der “Galerie Terres Rouges” iwwerdréit si hir Zeechnungen dann och op Holz an, mat Hëllef vun Artisten aus dem FerroForum, och op Eisen.

De 5. Juni presentéieren d'Hiên Hoàng an d'Aurélie d'Incau am Kader vum sougenannte Get-Out Event dem Public dann an der Kulturfabrik d’Friichte vun hirer Residenz.

Vum 15. Juni bis den 12. Juli iwwerhuelen de Noé Duboutay an d'Vica Pacheco fir d'Squatfabrik #3 den Atelier an d'Galerie Terres Rouges vun der Kufa.

Weider Informatiounen zu der Squatfabrik 2026 fannt Dir hei: https://kulturfabrik.lu/

Back to Top
CIM LOGO