Am Groussen Theater konnt een Ugangs des Mounts eng vun de bekanntsten Opere vum Verdi gesinn. Nabucco gehéiert zu senge Fréiwierker a war den éischte grousse Succès vum italieenesche Komponist. Mat enger opwänneger Büneninszenéierung ass et der brasilianescher Zeenografin Christiane Jatahy gelongen, d’Oper vun 1841 nei ze interpretéieren, ouni awer déi zentral Themen ze veränneren. Et ass en zäitloost Stéck, wat een net nëmmen duerch säi berüümte Gefaangenechouer a säi Bann zitt, mee och duerch seng Musek a seng eenzegaarteg Inzenéierung.