
Dir mengt, griichesch Mythologie wier haut net méi aktuell? Zu Ettelbréck am CAPE kann ee sech dëse Weekend vum Contraire iwwerzeegen. E Sonndeg um 17 Auer gëtt d'Stéck "Antigone, Ismene und wir" gespillt. D'Antigone an d'Ismene sinn zwou Schwësteren, déi mat hire komplett ënnerschiddleche Charakteren am Mëttelpunkt vun enger uraler Familljentragedie stinn.
Am Centre des Arts Pluriels gëtt déi Tragedie op eng besonnesch Manéier erzielt, nämlech vun Actricen an Acteure vun Ettelbréck an aus der Ëmgéigend, déi dat net berufflech maachen an zum Deel och keng Bünenerfarung hunn. Mir hunn e Freideg an eng Prouf erageluusst a wollten an engems vun de Leit wëssen, wéi si Deel vun dësem Projet goufen.
Eent hunn déi véier Fraen an zwee Männer aus dem éischten Deel vum Stéck gemeinsam. Si hu sech all mat Succès an engem Casting presentéiert. Dës participativ Approche soll virun allem Freed um Theaterspille bréngen a weisen, datt ee kee professionelle Schauspiller muss sinn, fir op enger Bün ze stoen. D'Jacque(line) Gustin ass ee Beispill dofir, datt dat funktionéiert: "Vu, datt ech schonn e puer Joer d'Pensioun hunn an u sech ëmmer bëssen e Couch-Potato sinn, ech ginn net vill eraus, well ech gär doheem sinn, hunn ech geduecht, et wier emol eng gutt Saach, fir e bëssen ënnert d'Leit ze kommen."
D'Maja Stronck an d'Mia Schumacher, déi d'Antigone an d'Ismene spillen, sinn nach wäit vun der Pensioun ewech. Si si Schülerinnen am Conservatoire an hu sech an deene leschte Wochen a Méint net gelangweilt: "Et waren zimmlech intensiv Prouwen an et huet immens vill Zäit an Usproch geholl, mä ech maachen dat immens gären. Et ass schonn heiansdo e bësse schwéier mat der Schoul, virun allem well ech och nach ganz vill aner Saachen niewebäi maachen, dat heescht, heiansdo ass et net sou einfach, all déi Projeten ënnert een Hutt ze kréien, mä am grousse Ganze maachen ech dat, well ech et och spéiderhi wëll maachen an einfach probéieren, esou vill Erfarung ze sammelen, wéi et eebe geet."
D'Mia Schumacher wëll och Actrice ginn. Datt d'Prouwen intensiv waren, wéi hir Kolleegin seet, ka si duerchaus confirméieren: "Mir hunn och vill um Text geschafft. Éischtens fir ze verstoen, wat mer soen, vu, datt et eng méi al Sprooch ass, mä eleng fir de Charakter esou ze verstoen, datt een dat esou gutt wéi méiglech mat enger eegener Interpretatioun kann op der Bün weisen, huet schonn Zäit an Usproch geholl, mä et war eng ganz flott Aarbecht."
De Ralf Haentges ass nach e méi neie Pensionär. Hien huet d'Erfarung gemaach, datt méi Zäit hunn, net onbedéngt bedeit, datt een et méi einfach huet: "Mir schwätzen net all Dag Däitsch. Déi Jonk sinn an Dictiounscoursen am Däitschen an hunn do e Virdeel. Mir hu mam Däitsche bësse méi Schwieregkeeten."
D'Martina Roth, déi zoustänneg ass fir d'Gesamtkonzeptioun an d'Inzenéierung, huet do konnte virun hëllefen a si huet och d'Bib Wolff an hire fréiere Schüler Raphael Neumann begeeschtert: "Ech hat et immens gär mat hir ze schaffen an de Coursen an hir Aart a Weis dat Alles ze leeden." "Déi ganz Passioun, déi hatt och huet an déi et an de Projet gestach huet, déi huet sech op eis iwwerdroen. Ech fannen, datt de Grupp sech och immens gutt fonnt huet, obscho mer zwou Generatioune sinn."
Fir déi 6 Leit, déi den éischten Deel vum Stéck spillen, ass dëse participative Projet also elo schonn e Succès an der Martina Roth gefält d'Zesummenaarbecht och: "Dat Schéint ass, wann ee mat net-professionellen Acteuren zesummeschafft, datt d'Perséinlechkeet ganz pur do ass, well et nach keng Geschierkëscht gëtt, an déi ee gräift, fir d'Saachen ze produzéieren. Et bleift ee vill méi bei sech a vill méi pur an der eegener Perséinlechkeet. Déi läit ëmmer ganz visibel, réng a pur iwwert allem."
Am zweeten Deel vum Stéck ass mat der Actrice Catherine Schilling just nach eng Persoun op der Bün. Si erzielt d'Geschicht aus der Vue vun der Ismene an et muss ee keen Expert an der griichescher Mythologie sinn, fir ze verstoen, ëm wat et geet. "Am Endeffekt geet et guer net méi zentral ëm déi ganz Geschicht vum Ödipus, vum Antigone oder vum Ismene, mä vill méi ëm d'Positioun, déi een an enger Famill huet. Wéi ass et, wann ee vill Geschwëster huet, wéi sinn d'Relatiounen, wéi fënnt wie seng Plaz. Dat heescht, et ginn am Fong ganz aner Saachen thematiséiert, mat deene vill Leit sech kënnen identifizéieren."
D'Catherine Schilling huet d'Geschicht vun der Ismene och scho méi dacks op der Bün erzielt. Den zweeten Deel ass d'Stéck "Götterkind" vun der Hollännescher Theaterautorin Lot Vekemans.