"@ano.astra47" ass en Theaterstéck vum Anja Di Bartolomeo iwwert véier Jonker, déi ouni et ze wëllen an engem anonymme Voice-Chat verbonne sinn. Virun allem d‘Astra, eent vun de véier Jonken an dësem Chat, fält ëmmer nees duerch säi mysteriéist Verhalen op an et weess keen esou genau, wat et mat him op sech huet.
D'Anja Di Bartolomeo huet d'Theaterstéck zesumme mat Jugendlechen entwéckelt an et spillen och Jugendlecher mat. Dat virun allem als Statiste bei enger Partyzeen. Dës Party eskaléiert am Laf vun der Geschicht an et stellt sech d'Fro, ob et dat ass, wat déi Jonk matenee verbënnt. Et ass eng Geschicht voller Spannung, déi genee deen Alldag reflektéiert, mat deem vill Jugendlecher haut ze dinn hunn.
D'Anja Di Bartolomeo erzielt: "Wat interessant ass ze wëssen ass, dass ech mat Jonken zesummegeschafft hunn. Si hu mer gehollef, de Plot ze developpéieren, esou wéi och d'Personnagen an doraus ass dat Ganzt entstanen. Et war wierklech eng Co-Kreatioun, esou ze soen, besonnesch am Ufank en zimmlechen Challenge och fir mech, well ech mat deem Kader hu missen d'Geschicht developpéieren. Do si ganz vill verschidde Pisten zesumme komm an doropshin hunn ech herno den Outcome, esou ze soen, entwéckelt."
Der Schrëftstellerin läit déi mental Gesondheet vu Jonke besonnesch um Häerz an dofir wollt si an hirem Theaterstéck Sujeten thematiséieren, vun deene vill Jonker betraff sinn.
Et wéilt een eppes mam Stéck beweegen a sensibiliséieren, esou d'Anja Di Bartolomeo: "D'Geschichten, den Hannergrond, dat baséiert op de richtege Suergen, Ängschten, Hoffnunge vun de Jonken an och dee Wonsch no engem Happy End, dass net ëmmer alles däischter ass. Ech wënsche mer och, dass dat Enn, wat mir kreéiert hunn, de Jonken an hiren Elteren an alleguerten, déi et kucke kommen, eppes mat op de Wee gëtt."
Fir den TNL huet dat Ganzt d’Liss Scholtes inzenéiert, wat éischter minimalistesch schafft. Deementspriechend ass d’Bünebild, wat zesumme mam Alex Gahr entwéckelt gouf, och minimalistesch gehalen. Op groussen, trapenänleche Cuben, déi verschidden Héichten hunn, spillt sech dat ganzt Theaterstéck of. Donieft ginn et LED-Panneauen a Luuchten, déi virun allem an der Partyzeen fir déi néideg Stëmmung suergen.
D’Liss Scholtes: "Et passt mengen ech ganz gutt, et ass ganz gutt opgaangen, esou wéi mir eis dat virgestallt hunn, well de Realismus do ass. Och wann een net onbedéngt op der Bün ass, ass en trotzdeem am Spill an an den Emotiounen a grad dee Kontrast zu där Bün, mat deem Spill, mat deem Text, mengen ech ass eis ganz gutt gelongen."
D’Theaterstéck "@ano.astra47“ dauert ronn annerhallef Stonn an ass nach bis de 7. Juni fir Jonker, Erwuessener a Schoulklassen am TNL ze gesinn.
Méi Informatioune fannt Dir hei: https://www.tnl.lu/ano-astra-47