Futtball-WMFrankräich klappt Marokko a steet an der Halleffinall

Ted Koob
D'Fransouse waren iwwer déi 90 Minutten déi dominant Ekipp an hu sech um Enn verdéngt mat 2:0 behaapt. An der Paus stoung et nach 0:0, nodeems de Kylian Mbappé en Eelefmeter net erageschoss huet.
© JOSE HERNANDEZ/ANADOLU/ANADOLU VIA AFP

Frankräich steet als éischt Ekipp an der Halleffinall. D'Ekipp vum Didier Deschamps war a béiden Hallschente besser am Match an huet sech verdéngt duerchgesat. An der 1. Hallschent konnt de Bono am marokkanesche Gol de Géigegol verhënneren. Nom Säitewiessel hunn Mbappé an Dembélé d'Partie entscheet. Vu Marokko koum iwwer 90 Minutten ze wéineg fir de Favorit un d'Wackelen ze bréngen.

Frankräich - Marokko 2:0
1:0 Mbappé (60'), 2:0 Dembélé (66')

D'Spectateure zu Boston kruten eng dominant Ufanksphas vun de Fransousen ze gesinn. An der 4. Minutt huet de Bono direkt zwou Parade misse weisen. Fir d'éischt ass den Mbappé mat engem secke Schoss um Keeper hänke bliwwen. Kuerz drop krut den Upamecano de Ball net präzis genuch op de Gol gekäppt, esou dat de Bono mat engem staarke Reflex de Ball paréiere konnt. Vu Marokko koum an der 1. Hallschent net vill. D'Léiwe vum Atlas hu probéiert kompakt an der Ofwier ze stoen, si hunn d'Fransouse mat individuelle Feeler awer ëmmer nees an déi geféierlech Raim virum Gol agelueden.

An der 25. Minutt gouf esou eng Noléissegkeet vu Marokko mat engem Eelefmeter bestrooft. De Mazraoui hat den Mbappé am Strofraum geluecht. De Stiermer vu Real Madrid konnt déi grouss Chance net notzen an ass um Bono hänke bliwwen. De marokkanesche Golkipp ass an der 1. Hallschent iwwer sech erausgewuess a konnt an der 35. Minutt e Ball vum Doué a Corner deviéieren. Kuerz virun der Paus ass dem Digne säi Schoss aus der Distanz op der Lat gelant. Trotz de ville Méiglechkeete fir Frankräich goufen d'Säite mat engem 0:0 gewiesselt.

Nom Säitewiessel stoung Marokko an enger éischter Phas méi stabil an der Defense a Frankräich huet sech kuerz schwéier gedoen. An der 60. Minutt huet de Kylian Mbappé seng Faarwen erléist. De Stiermer huet mat engem flotte Schlenzer den 1:0 markéiert. 6 Minutte méi spéit huet den Dembélé op 2:0 erhéicht. An der Suite konnt de Favorit d'Partie geréieren an huet de Virsprong net méi hierginn. Déi bescht Chance fir Marokko hat den Ounahi an der 83. Minutt. E Gol sollt awer net méi falen.

Frankräich steet elo an der Halleffinall a kritt et entweder mat Spuenien oder de Belsch ze dinn. Déi Partie gëtt um Freideg um 21 Auer ugepaff.

Alles ronderëm d’WM fannt Dir an eisem Futtball-WM-Dossier op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO