
Eng 500 Leit hate sech fir der CSV hiert Summerfest ugemellt, mä ier gefeiert gouf, hunn de Generalsekretär, de Fraktiounschef an de Parteipresident de Mikro an de Grapp geholl, fir déi lescht Wochen a Méint Revue passéieren ze loossen.
Do goung et virop ëm d'Tripartite. Aner Länner wiere bestëmmt jalous, huet de Generalsekretär Alex Donnersbach gemengt, well ee bewisen hätt, datt een zu Lëtzebuerg ka verhandelen. Besonnesche Luef gouf et fir de Premier an CSV-Parteichef Luc Frieden, "deen et fäerdeg bruecht huet mat Rou, mat Entschlossenheet alleguer d'Partner un en Dësch ze bréngen, alleguer zesummen un e konstruktiivt Schaffen ze bréngen an esou Léisungen am Sënn vum Land ze fannen."
De Fraktiounschef Laurent Zeimet huet drun erënnert, datt d'Situatioun virun engem Joer nach eng aner war.
"D'Stëmmung war liicht ugespaant an de Premier hat e Witz gemaach. Hien huet héich an helleg versprach, haut kee Witz ze maachen, gell?!"
Dee "Witz" war notamment bei de Gewerkschaften net gutt ukomm an de Fraktiounschef wollt verhënneren, datt de Luc Frieden sech nach eng Kéier d'Fanger verbrennt. Dofir huet de Laurent Zeimet dëst Joer selwer gegrillt. Keng Wippercher, mä déi politesch Oppositioun: "Wann een hinnen nolauschtert, besonnesch de Kolleege vun der LSAP, da mengt een, mir géifen hei am Aarmenhaus vun Europa wunnen. Et ass wierklech alles schlecht a mir sinn alleguer aarm drun a mir hunn et alleguer all Dag enorm schwéier an da froen ech mech heiansdo, wie weess wéi laang d'LSAP um Stéck an der Regierung war?"
Bei deenen enge wier alles ze vill schlecht a bei deene mam rou-wäiss-bloe Fändel wier alles ze einfach. De Laurent Zeimet zitéiert d'ADR:
"Mir mussen eis just mam Putin un en Dësch setzen. Et ass esou einfach. An deem ginn, wat e wëll. Et ass esou einfach. Da brauche mer och keng Suen an eis Defense ze stiechen. Mir maachen einfach wat den Här Putin wëll a wat den Här Trump wëll an haut koum nach dobäi, den Iran dat sinn d'Partner vu muer. Ech wëll Iech just soen, wann dat d'Optioun ass vun der Partei a rout-wäiss-blo, deenen ass d'Heemecht näischt wäert an déi sinn net bereet ee Su méi an eis Defense ze ginn. Dat seet eppes aus wéi déif se Lëtzebuerg wierklech am Häerz droen."
Den CSV-Fraktiounspresident huet sech awer net just mat deenen anere mä och mat der CSV beschäftegt: "Da kënnt déi eng Ëmfro, da kënnt déi aner Ëmfro an da gëtt dat kommentéiert... de Premier geet erof an da geet en erëm erop, wéi erkläert der Iech dat? Majo, well e kee Mupp huet."
Domadder weess den Ausseminister a Sondagespëtzereider säint och. De Luc Frieden huet vu senger Rees op Ankara erzielt, wou jo den NATO-Sommet war, vun deene Schüler, deenen hie kuerz virum CSV Summerfest nach den Diplom iwwerreecht huet an hien huet iwwert de Grond geschwat, firwat ee bei der CSV Politik mécht.
"Fir datt Lëtzebuerg eng Plaz ass, wou een am Fridden an der Fräiheet an am Wuelstand an der sozialer Kohäsioun matenee lieft an net ee géint deen aneren. Dat geet net vum selwen. Dofir brauch een och eng CSV, déi dat als grousst Ziel huet. Heiheem, an Europa an doriwwer eraus."
De Luc Frieden huet eng ganz seriö Ried gehalen, mä gelaacht gouf um Enn awer... "Dofir wënschen ech Iech e schéine Summer a loosst Iech den Owend...wat gëtt et z'iessen?... de Béier an d'Wirschtercher gutt schmaachen!"