Enn Januar 2027 an der RockhalKënschtler a Songwriter kënne sech vun elo u fir den nächste Luxembourg Song Contest mellen

David Winter
Zënterdeem Lëtzebuerg nees beim ESC matmécht, déngt de Luxembourg Song Contest jo souzesoen als national Finall. Hei gëtt decidéiert, wien de Grand-Duché beim ESC representéiert.
© RTL

Artisten, déi bei der 4. Editioun vum LSC an der Rockhal wëllen dobäi sinn, kënne sech vun elo un umellen, dat iwwert den offizielle Lëtzebuerger Site vun der Eurovisioun.

Wéi mellen ech mech als Kënschtler un?

Umelle kann ee sech dës Kéier eemol als Artist an dann awer och eemol getrennt als Songwriter, respektiv Komponist. Kënschtler kënne sech also separat mellen, ouni am Virfeld e Lidd musse prett ze hunn. Fir als Artist kënne matzemaachen, muss een um Dag vum 15. Januar 2027 op d'mannst 18 Joer al sinn an op d'mannst eng vun den dräi follgende Konditiounen erfëllen: Et muss een déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, et muss een op d'mannst 3 Joer um Stéck zu Lëtzebuerg gelieft hunn oder et muss een noweise kënnen, dass ee fest an der Lëtzebuerger Musekszeen verwuerzelt ass andeem ee beispillsweis reegelméisseg zu Lëtzebuerg op Festivallen oder aneren Eventer optrëtt.

Dobäi kënnt, dass Leit, déi sech mellen, tëscht November 2026 a Mee 2027 zäitlech mussen disponibel sinn, dat fir sech kënnen ze preparéieren an no baussen ze promouvéieren. Et muss een dann och natierlech an der Lag sinn, fir live op enger grousser Bün opzetrieden. E Maximum vu 6 Leit dierfen um Schluss op der Bün zesumme performen.

D'Deadline, fir sech als Artist unzemellen, ass den 20. September 2026. D'Auditions sinn da fir Mëtt Oktober 2026 geplangt, dat virun engem internationale Jury vun Experten, déi dann d'Kandidate fir de Luxembourg Song Contest pré-selektionéiert.

Wéi reechen ech separat e Lidd an?

Separat kann ee sech awer och mellen, fir e Lidd anzereechen, hei huet ee bis den 29. Oktober 2026 Zäit. Opgeruff sinn hei souwuel Leit aus Lëtzebuerg, wéi och aus dem Ausland. Konditioune sinn, dass d'Lidder net méi laang wéi 3 Minutten dierfe sinn an net virum 1. September 2026 publizéiert goufen.

De Choix vun der Sprooch vum Lidd ass iwwregens egal, Lidder op Lëtzebuergesch sinn och selbstverständlech wëllkomm. E Panel vu Museks- a Eurovision-Experte wäert hei eng Pre-Selektioun maachen, déi Lidder, déi ausgewielt goufen, ginn dann den Artiste presentéiert.

Foto vum zweeten Dag vun den LSC-Auditions aus dem Joer 2025
© Steve Müller

De Pairing Workshop: D'Symbios tëscht Artist a Lidd

Enn Oktober / Ufank November gëtt dann am sougenannte Pairing Workshop analyséiert, wéi ee Lidd, bei wéi een Artist passt, respektiv vice versa. Wärend dësem Workshop kréien d'Artisten Ënnerstëtzung vun Experten, dorënner Coachen, Museker a Spezialiste vum ESC, fir esou déi bescht-méiglech Kombinatioun aus Artist a Lidd zum Schluss ze realiséieren. Beim Lidd kann et ee vun den agereechte Lidder sinn, dat ausgewielt gëtt, oder awer och e Lidd, dat den Artist selwer geschriwwen an agereecht huet. Dono sinn d'Artisten da prett, fir mat hirem Lidd bei der Virentscheedung an der Rockhal dobäi ze sinn.

Enn Januar 2027 ass den LSC nees an der Rockhal

Konkret ass déi nächsten Editioun vum Luxembourg Song Contest den 30. Januar 2027, dat wéi gewinnt nees an der Rockhal um Belval. Hei gëtt säitens dem Public an enger Jury definitiv decidéiert, wie Lëtzebuerg op de Eurovision Song Contest schéckt, dee jo Mëtt Mee 2027 a Bulgarien ass, nodeems d'Dara mat sengem Lidd "Bangaranga" zu Wien gewonnen huet. A wéi enger Stad dat wäert sinn a wéini genee d'Halleffinallen an d'Finall geplangt sinn, gëtt méi spéit am Summer matgedeelt.

Souwuel fir de Luxembourg Song Contest, wéi och fir de Eurovision Song Contest wäert och 2027 RTL Lëtzebuerg nees responsabel fir d'Organisatioun an d'Koordinatioun zu Lëtzebuerg sinn.

Déi komplett Communiquéë ginn et op Englesch an op Franséisch:

Press Release Eurovision Lux Registration 2027.pdf
Communiqué Eurovision Lux Inscriptions 2027.pdf

Back to Top
CIM LOGO