Dat haitegt Schlass geet op eng Waasserbuerg aus dem Mëttelalter zréck. Dat kann een haut nach un der quadratescher Form vum ganze Schlassgebai an och um Gruef ronderëm d’Schlass erkennen. D’Waasserbuerg gouf ëm 1270 gebaut. D’Bridder Wilhelm a Johann gëllen als déi éischt Bauhären, déi op dëser Plaz eng Buerg gebaut hunn. Virdru war et nëmmen e befestegte Bauerenhaff. De véiereckegen Tuerm, deen 12,5 × 12,5 Meter moosst, hu se awer iwwerholl. D’Buerg ass eréischt no an no ronderëm entstanen.
Am Laf vun de Joerhonnerte gouf si e puermol zerstéiert an erëm op- an ëmgebaut. Vun der ursprénglecher Buerg ass warscheinlech näischt méi erhale bliwwen. Dat haitegt Schlass, mat Ausnam vun de Niewegebaier, geet op d’Joren ëm 1700 zréck. Am 18. Joerhonnert ass och de Schlasspark a senger haiteger Form ugeluecht ginn.
1753 hunn déi direkt Nokomme vun de Buerghären aus dem Mëttelalter d’Schlass dem Barong Arnold François de Tornaco fir 62.000 Gulde verkaaft, an deem senger Famill hirem Besëtz et du ronn 200 Joer bliwwen ass. Aus der Famill de Tornaco ass de Victor de Tornaco ervirgaangen, dee vun 1860-1867 Staatsminister vu Lëtzebuerg war.
1950 huet d’Famill de Tornaco d’Schlass fir 5 Millioune Frang un d’Gemeng Esch-Uelzecht verkaaft, déi duerno ronn 50 Joer laang am Schlass e Kannerheem ënner dem Numm Kannerschlass gefouert huet. 1965 gouf am Park nieft dem Schlass e Pavillon gebaut, an deem ënnert anerem d’Wunneng vum Direkter vum Kannerschlass war.
Zesumme mam Park an der Weekapell gouf d’Schlass 1971 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Monument national klasséiert. 1985 huet de Lëtzebuerger Staat déi ganz Proprietéit opkaaft.
Dee leschte Service vun der Fondatioun Kannerschlass ass 1999 erausgeplënnert. Enn de 1990er Jore gouf d’Schlass renovéiert, awer net dat hënnescht Gebai.
Zanter Enn der 1990er Jore wunnen am Pavillon am Park nieft dem Schlass Leit, déi Asyl zu Lëtzebuerg ufroen. 1999 hat de Schäfferot vu Suessem Pläng fir de Pavillon als Heem, fir d’Guiden a Scouten an d’Rei ze setzen. Doraus ass awer näischt ginn, well de Staat en als Wunnraum fir d’Demandeurs d’asile behale wollt.
Tëscht 2002 an 2016 hat de Centre virtuel de la connaissance sur l’Europe (CVCE) säi Sëtz am Suessemer Schlass. Zanterhier steet et eidel. Am Juli 2019 housch et, d’Suessemer Gemeng géif mam Kulturministère zesummen no enger Léisung sichen, wien oder wat een am Gebai ënnerbrénge kéint. Restauratiounsaarbechten am zweestellege Milliouneberäich wieren och néideg.
Bis elo steet d’Schlass scho 4 Joer eidel.