
"Zesumme liewen, zesumme léieren. Zesumme léieren fir d'Liewen", dat ass de Motto vun der Jean-Jaurès-Schoul zu Esch, déi elo hiren 20. Gebuertsdag gefeiert huet an ënnert anerem fir hiren Engagement am Beräich vun der Inclusioun bekannt ass. D'Kanner haten e Freideg den Owend an den Escher Theater invitéiert a souguer de Prënz Louis wollt sech hiert Stéck net entgoe loossen.
D’Jean-Jaurès-Schoul ass keng traditionell Grondschoul a genee dat mécht se esou beléift, net nëmme bei deenen aktuelle Schüler mä och bei deene fréieren. Sou och beim Sara Goerres, si war virun 20 Joer am Cycle 4: "Ech fille mech privilegéiert, d'Chance gehat ze hunn, an esou eng Schoul ze goen, well dat gëtt der, fannen ech, e ganz anert Bild mat fir d'Liewen."
Méi e schéint Kompliment kann ee bal net vu fréiere Schüler kréien. D'Sara Goerres huet mat de Kanner zesummen d'Theaterstéck op d'Bün bruecht, an deem si erklären, wéi hiren Alldag an der Schoul ausgesäit. Den Adilson, deen am Cycle 4 ass, hat eng vun den Haaptrollen a weess genee, firwat hien esou gär an d'Schoul geet:
"Wann ech an d'Schoul ginn, da kënne mer och mat deenen anere Kanner schaffen. Mam Cycle 1, Cycle 2 a Cycle 3 an do léiere mer dann net eenzel, mir léieren mateneen. Dat fannen ech da ganz interessant. An et ass och, well mat mengen Tutorat sinn ech zesumme mat Kolleegen an ech kann hinnen hëllefen an do léiere mer da ganz vill zesummen."
D'Jean-Jaurès-Schoul ass eng Ganzdagsschoul. Se kombinéiert Unterrecht, Betreiung a Fräizäit. D'Enseignante probéieren de Kanner bäizebréngen, datt d'Schoul d'Liewen ass, wéi de Christophe Berens, President vum Schoulcomité seet:
"D'Kanner léieren am Fong ganz fréi, dass et wichteg ass, jidderengem nozelauschteren, dass ee selwer eng Stëmm huet, dass een déi och benotzen däerf, dass ee sech kann asetze fir Saachen. Mir probéieren de Kanner op eng ganz einfach a pragmatesch Aart a Weis ze weisen, dass hir Stëmm en Impakt kann hu bei ganz spezifesche Projeten. De Moment hunn eis Kannervertrieder reegelméisseg Kontakt mat den Architekte vun der Escher Gemeng, fir den Haff ze reamenagéieren. Déi Kanner, déi op der Bün sinn, haten elo ganz reegelméissege Kontakt mat der technescher Ekipp vum Theater."
Courage, Vertrauen, Engagement, Respekt an Éierlechkeet si Wäerter, déi d'Kanner vu klengem u liewen a fir d'Sara Goerres ass hir Zäit an der Jean-Jaurès-Schoul net just eng Erënnerung:
"Ech muss soen, dat war eng immens schéin Zäit. Et war emotional, ech hunn nach ëmmer Leit, mat deenen ech lo a Kontakt sinn an doduerch, dass ech d'Schoul lo schonn e puer Joer begleeden, a Form vum Theateratelier, ginn ech och ëmmer erëm zréck. Dat heescht, d'Schoul begleet mech am Fong. Jo, an deene leschten 20 Joer, wou ech dann och am Lycée war, duerno op der Uni an elo och selwer schaffen, ass se ëmmer nach en Deel dovun. An dat fannen ech immens schéin, dass dat am Fong dech nach esou laang begleet."
D'Schoulcommunautéit wier an der Jea- Jaurès-Schoul ëmmer wéi eng Famill gewiescht. Dat seet net just d'Sara Goerres, mä och vill aner fréier Schüler, déi all Gutts fir déi nächst Jore wënschen.