
D'Inspection du travail et des mines huet Recommandatiounen erausginn, wéi ee mat den héijen Temperaturen op der Aarbecht soll ëmgoen.
Gëtt dobausse geschafft, solle Plazen am Schied geschaaft ginn an den Employeur fir genuch Drénkwaasser suergen. Et soll een, an der ugepasster Kleedung, och net ze laang intensiv an der praller Sonn an a Kontakt mat Blech, Bëtong a Goudron schaffen.
Ma och dobanne soll op d‘Temperatur am Raum opgepasst ginn a mat Rideauen a Rollluede probéiert ginn, d‘Hëtzt dobaussen ze halen. Den Employeur soll och hei genuch Drénkwaasser, a wann néideg, och Ventilatoren zur Verfügung stellen.