Éischte Rendez-vous fir d'LSC-GewënnerinEva Marija am RTL-Studio: "Et war wéi e surrealen Dram"

Sandy Schmit
"Ech si midd, awer den Adrenalin ass nach ëmmer net ganz fort", dat sot déi frëschgebake LSC-Gewënnerin Eva Marija e Méindeg de Moien op der Antenn am RTL-Studio.
D'Freed ass dem Eva Marija däitlech ofzegesinn.
D’Freed ass dem Eva Marija däitlech ofzegesinn.
© Roland Miny

Een Dag hat d’Eva Marija Zäit, sacken ze loossen, dass et d’Gewënnerin vum Luxembourg Song Contest 2026 ass. An elo fänkt et eréischt richteg un. Den éischte Rendez-vous goung kuerz virun 8 Auer e Méindeg de Moien direkt bei den Dan Spogen an de Studio.

Hatt kéint et nach ëmmer net richteg realiséieren, sou d’Eva Marija. Um Owend selwer hätt et och eréischt, wéi et no der Afterparty an der Rockhal um Heemwee war, eng alleréischte Kéier op säin Handy gekuckt an dee “wier bal explodéiert” vu lauter Messagen. Bis den Handy ausgepaakt war, huet et och gedauert, well virdru gouf d’Victoire natierlech uerdentlech gefeiert op der grousser LSC-Afterparty. “Ech wollt just de Moment genéissen”, sou d’LSC-Gewënnerin. Op der Afterparty ass dat 20 Joer jonkt Gesangstalent deemno och bis ganz zum Schluss bliwwen, well “esou ee Concours gewënnt een net all Joer”.

Anescht wéi d’Laura Thorn, d’Gewënnerin vum leschte Joer, dat moies fréi no der Party nach gekacht an Netflix op der Tëlee gekuckt huet, fir nees erofzekommen, ass d’Eva Marija direkt schlofe gaangen. Op d’Fro, ob et dann net ze vill opgedréint gewiescht wier, huet d’Sängerin gemengt, dass dee Punkt vun der Middegkeet erreecht war, an deem d’Gehier eng Paus brauch an ee muss ofschalten. Ma laang raschten, war net wierklech méiglech. Nach am Pyjama hätten e Sonndeg de Moie Famill a Frënn un der Hausdier Stuerm geschellt, fir kënnen ze gratuléieren. “A wat soll ech soen, et gouf weidergefeiert... an ech liewen nach.”

Den Adrenalin wier och nach ëmmer do. Eleng schonn, dass esou vill Ministeren him gratuléiert hätten. Richteg gefreet hätt et sech, iwwert den Ausseminister Xavier Bettel. “Hie wousst, wien ech sinn, dat war scho geckeg.”

Wéi geet et lo weider?

De Passage am Studio war déi éischt Etapp, dono ginn déi nächst Etappe beschwat. Langweileg wäert et dem Eva Marija sécher net ginn, eleng schonn duerch déi vill Rendez-vouse virun der Press. Déi nächst Woche wäerte voll gepaakt sinn, däers ass sech d’Sängerin bewosst. “Ech sinn esou opgereegt, well dat ass et jo, wat all Museker wëll erreechen.”

Trotz voller Agenda, eppes, wat d’Eva vu jidderengem mat op de Wee krut, an dat net just vun den zwou Virgängerinnen Tali a Laura, ma och vum JJ, dem ESC-Gewënner 2025, ass: “Genéiss all Moment”. Ma et wier éischter wéi e “surrealen Dram” gewiescht, wéi et e Samschdeg op eemol geheescht huet: And the Winner is Eva Marija.

“Ech hu versicht, mech ze pëtzen, fir sécher ze sinn, dass ech net dreemen. Well dat do ass eppes, do dreemt een dovun. Dat hei ass eng eenzegaarteg Erfarung, mä ech erënnere mech nach, wéi d’Punkten annoncéiert goufen, do ware meng Hänn wéi geläämt. De Loïc, ee vun de Presentateuren, huet mir de Mikro ginn an ech konnt en emol net unhalen. An de Loïc huet mer misse soen, dass ech e soll huelen. Ech konnt einfach net ophalen, ze laachen. Ma um Enn war alles gutt. Nach emol ganz um Schluss ze sangen, dat war déi schéinste Belounung.”

Och nom ESC geet déi musikalesch Rees weider, sou nach d’Eva Marija. Dat hei ass déi optimal Geleeënheet, seng musikalesch Projete kënnen ze realiséieren. “Op eng kleng Tournée goen, dat wier wierklech immens.” Reesen ass effektiv e gutt Stéchwuert, aktuell schafft d’Eva Marija nämlech och un engem Album, dat zu London, awer och zu Dänemark. Vun do kënnt de Produzent vum Gewënnerlidd “Mother Nature”, den Thomas Stengaard. Iwwregens den Titel komponéiert huet d’Eva Marija zesumme mam Maria Broberg a Julie Aagaard. De Solo-Deel mat Gei war d’Iddi vum Eva selwer. Et ass och deen éischten engleschen Titel, mat deem Lëtzebuerg zu Wien um Eurovision an d’Course geet.

Lauschtert hei nach emol d’Emissioun

Éischte Rendez-vous fir d’Eva Marija op RTL-Radio

Loosst den LSC nach emol Revue passéieren

Back to Top
CIM LOGO