De Vincent Munier ass een Déierefotograf a Realisateur, den 2022 de César fir säin Documentaire La Panthère des neiges gewonnen huet. An sengem neie Film Le Chant des Forêts geet et ëm seng Heemecht an de Vogesen a seng ganz perséinlech Geschicht. De Frank Grotz mam Film vun der Woch.
Den Dokumentarfilmer Vincent Munier beschreift a Le Chant des Forêts net nëmmen d’Natur an de Vogesen, déi hie säit senger Kandheet faszinéiert, mee erzielt och, wéi säi Papp him d’Begeeschterung fir de Bësch a seng Bewunner vermëttelt huet, a wéi hien se elo u säi Fils weidergëtt.
Dës zousätzlech Dimensioun an engem Film, dee souwisou scho mat engem hypnotesche Soundesign a spektakulären Naturbiller faszinéiert, gëtt der Erzielung eng ganz perséinlech Säit, déi de Spectateur ëmsou méi eranzitt. Le Chant des Forêts, dee scho méi wéi eng Millioun Leit an de Kino gelackelt huet, bréngt d’Zuschauer zum Nodenken doriwwer, wat d’Natur eis wäert ass a wéi mir se der nächster Generatioun wëllen hannerloossen.