
Am Tageblatt hat de Filmkritiker a fréieren CNA-Mataarbechter Joy Hoffmann an engem oppene Bréif vu Mëssmanagement a Mobbing geschwat. Déi Responsabel vum CNA ginn an hirem Communiqué net direkt op d’Virwërf an. Si schreiwen, datt si fir Kloerheet wéilte suergen an datt se d’Situatioun wéilten an de reelle Kontext setzen. Am Communiqué gi virun allem déi aktuell Strategie an déi respektiv Demarchë beschriwwen. Ënner anerem geet Rieds vun enger Transitiounsphas.
Den Direkter Gilles Zeimet wëll aktuell net ëffentlech reagéieren.