
Dat huet den US-Generol Alexus Grynkewich e Méindeg deklaréiert. Hien ass ieweschte Kommandant vun der NATO an Europa a war op Besuch hei am Land. Am Sennenger Schlass huet eng Éieregard mat Fändel a Militärmusek – zwee Pelotonen mat enger Rei Offizéier an de Generol Thull selwer, den Empfang orchestréiert. Am Schlass hat de Generol Alexus Grynkewich dunn e Gespréich mat der Verdeedegungsministesch Yuriko Backes. Et huet sech ewéi militäresch Public Relations, also Ëffentlechkeetsaarbecht ugefillt.
Op der Pressekonferenz mat generéiser Froeronn goufen et duerno puer Messagë vum ieweschte Kommandant, deen awer nach de Commander-in-Chief Donald Trump iwwert sech huet. Op eng Fro hin, huet hie verséchert, datt den Artikel 5 vum NATO-Traité ewéi aus engem Goss ass – ironclad. Deen Artikel gesäit d’Garantie vir, datt wann ee Member ugegraff gëtt, déi aner all hëllefe kommen.
“Ech verkierperen déi Verflichtung perséinlech als amerikaneschen Offizéier, deen dem ieweschte Commandement vun der Nato an Europa déngt”, esou de Generol, deen op all d’Amerikaner higewisen huet, déi an der ganzer Nato-Struktur integréiert sinn. Se géingen all Dag un den Operatioune bäidroen. Hie gesäit keen Indice dofir, datt Amerika sech géing zeréckzéien. Am Géigendeel géing hien d’USA gesinn, d’Nato méi staark maachen, fir datt se déi mächtegst Allianz op der Welt géing bleiwen.
Den US-Generol huet selwer virop d’Efforte vu Lëtzebuerg a Saachen Defense gelueft. D’Depensë solle vun elo 2% vum nationale Räichtum bis d’Joer 2035, op 3,5% klammen. “Luxembourg is a small country, but punching way above its weight”, mir iwwersetzen esou: “Lëtzebuerg ass e klengt Land, mee schléit sech an enger ieweschter Gewiichtsklass”. Mat der Bedeelegung un der integréierter Missile a Loftofwier, mee och mat all Zaldot méi, géing Lëtzebuerg d’Allianz entlaaschten, esou den General Grynkewich.
D’Yuriko Backes huet d’Truppen am Ausland ervirgestrach – d’Boots on the ground – am Kosovo, Litauen a Rumänien. Den Alexus Grynkewich sot, hien hätt déi a Rumänien begéint a sot, d’Zesummespill tëscht engem kanadesche Sergeant-Major an de belschen, spueneschen a Lëtzebuerger Truppe wiere gelieften Allianz. Ganz vill Admiratioun hat hie fir d’Defence Bonds – d’Scholdpabeieren, mat deenen d’Regierung Sue fir d’Defense fir d’éischte Kéier bei de Grand-Public léine gaangen ass.
Iwwer Ofrëschtung ass net geschwat ginn - dofir misst de Krich an der Ukrain als éischt ophalen. D’Situatioun an der Ukrain bleift ewéi et heescht iwwregens “ganz haart” bei den aktuellen Temperaturen a russesche Bombardementer vun Infrastruktur. D’USA hunn erëm eng direkt Kommunikatiounslinn mat Russland. Méi Drock maachen ewéi elo scho fir der Ukrain eng besser Verhandlungspositioun ze ginn, dat wier eng politesch Fro, esou de Generol. Allerdéngs géingen d’USA scho ganz vill hëllefen. Hie kéint an engem “onklassifizéierten Ëmfeld” net méi an den Detail dorobber agoen.
Rassuréiere wollt den Alexus Grynkewich da wat Grönland ugeet. D’Nato wier an der leschter Preparatiounsphas vun enger “arctic sentry” Missioun an der Arktis. Tëscht den Zeilen heescht dat, datt den Donald Trump zefridde wier wa Russland a China an der Regioun ofgeschreckt wieren. Béid wieren an der Arktis méi present sou de Generol, deen eegenen Aussoen no dëse Méindeg nach gebrieft gëtt an am Laf vun der Woch eng Annonce iwwert d’Missioun kéint gemaach ginn.