
D’Brigitte Urhausen spillt d’Kommissärin Esther Baumann, déi an dësem Fall eng zentral Roll iwwerhëlt.
De Krimi, deen um Sonndeg den Owend ausgestraalt gouf, setzt op psychologesch Déift a féiert d’Ermëttler an e Grenzduerf mat enger laangjäreger Geschicht vu familiäre Konflikter. Nieft dem Mordfall gëtt och d’Vergaangenheet vun der Kommissärin thematiséiert.
Hei een Interview vun der Actrice am “No Art On Air” vum Mäerz 2022:
Mat dëser Haaptroll ënnersträicht déi 45 Joer al Brigitte Urhausen op alle Fall hir ëmmer méi wichteg Plaz och an der däitscher Film-an Theaterzeen.
