Nei Inzenéierung am Groussen Theater Les Enfants du soleil

Patricia Baum
Am Groussen Theater leeft den Ament d'Theaterstéck "Les Enfants du soleil". Den Drama vum russesche Schrëftsteller Maxim Gorki ass 1905 an der russescher Revolutioun an an der Cholera-Epidemie entstanen.
Les Enfants du soleil am Groussen Theater
Nei Inszenéierung vum Myriam Muller

D'Regisseurin Myriam Muller bréngt d'Stéck elo hei zu Lëtzebuerg op d'Bün an huet et un eis Zäit adaptéiert. Deemno ass och d'Corona-Pandemie e grousst Thema. En Theaterstéck, dat sech mat de fundamentale Froen a Bedürfnisser vun enger Gesellschaft auserneesetzt.

Mat de Kanner vun der Sonn sinn an deem heite Fall  déi privilegéiert a gebilt Mënsche gemengt. Si gleewen un d'Wëssenschaft, d'Medezin, d'Konscht an d'Kultur an datt genau dës Beräicher d'Mënschheet virubréngen. Si selwer gesi sech als opgekläert, verstinn awer net d'Liewensrealitéite vun de sougenannten einfache Mënschen. Den Original Text vun 1905 weist, datt déi Elitt, déi un d'Wëssenschaft, d'Konscht an de Fortschrëtt gleeft, dobäi awer komplett déi sozial Problemer aus hirer Zäit iwwersinn. D'Cholera-Epidemie mécht deemno siichtbar, wéi grouss den Ecart tëschent der Elitt an dem Rescht vun der Bevëlkerung ass.

“Dat Ganzt spillt sech an engem Haus of, wou eben all déi verschidde Protagoniste liewen, a wou och déi zwou Fronten openee klaken. Dat heescht op der enger Säit huet een den Haaptpersonnage, deen e Wëssenschaftler ass an deen Artisten, seng Schwëster a Personal, wéi eng Botzfra an e Concierge, ronderëm sech huet. An de Kontext ass, datt et eng sozial Onrou an där Stad gëtt. A besonnesch eben dee soziale Kontext vun enger Gesellschaft, déi einfach net méi mat sengen Dirigenten am Kontakt ass. Eng Gesellschaft, wou ech de Lien mat haut zéien a wou d'Thematik mer d'Loscht ginn huet, dat Stéck ze inzenéieren. Well dat ass eppes, wat ee leider Gottes, immens vill am Moment spiert, sief et an Däitschland, a Frankräich, iwwerall spiert een d'Extreemen, déi ëmmer méi grouss ginn.” (Myriam Muller - Regisseurin)

D'Protagoniste liewen am Stéck deemno bësse wéi an enger WG, wou de Plateau, op deem se sech befannen, sech ëmmer méi verännert.

“Et ass esou wéi d'Gesellschaft duerch déi Pandemie sech dekonstruéiert, dekonstruéiert sech de Plateau och. Dat heescht, mir fänken an engem Hyperrealismus un. Mir hunn en Dësch, mir hunn e Canapé, mir hunn e klenge Gaart, mir hunn e Büro, alles ass hyperrealistesch. A lues a lues dekonstruéiert dat sech, well eben déi Gefor vu baussen, déi Pandemie, ëmmer méi present ass, déi Revolte sociale ëmmer méi present gëtt, an dat huet dann en Impakt op d'Leit. An dat heescht dann och op d’mise en scène.” (Myriam Muller - Regisseurin)

Ee vun den Haapttheme vum Stéck ass de Manktem u Kommunikatioun an d'Fäegkeet, sech richteg nozelauschteren. En universellt a komplext Thema, dat an eiser Zäit a Gesellschaft omnipresent ass.

“De Covid zum Beispill, do huet een och gesinn, wéi individualistesch d'Leit da ginn oder wéi ee sech selwer am Fong als Éischt protegéiert. Wat och eng gutt Saach ka sinn, mee wou een awer och einfach gesellschaftlech denke muss. An ech mengen do si mer net wierklech prett. An et ass schwéier, dat unzegoen, an am Stéck hei och, also ech mengen et spiert een andauernd esou eng Zort vun Drock a vu Gefor, déi méi no kënnt, an et ass wéi wann d'Maueren ëmmer méi kleng géife ginn. A wat geschitt, wann d'Leit deen Drock empfannen? Si ginn net onbedéngt déi beschte Versioun vu sech selwer. An dat gesäit ee jo och an der Welt, dat gesäit ee mat der Aktualitéit, dat huet ee beim Covid gesinn. An et ass net fir ze jugéieren, wéi d'Leit reagéieren. Si maache wat se kënne mat hirer Realitéit, mee dat ass zimmlech komplex.” (Sophie Mousel - Schauspillerin)

“De Wëssenschaftler huet nach den Dram oder d'Utopie, dass et méiglech ass, dass all d'Mënschen zu enger Unitéit ginn, well hien de Mënsch och nach ëmmer als cheemescht Liewewiese gesäit, zesummegesat aus Atomer. An dass dat dach muss méiglech sinn, dass mir all zu enger Materie ginn an eng Unitéit sinn. An am Fong mécht et Sënn. Firwat si mer net heiansdo all esou wéi d'Fësch, déi an engem Schwarm an déi selwecht Richtung schwammen. Mir sinn do scho ganz spezifesch, mee warscheinlech well mir och de Verstand hunn, wat jo och gutt ass.” (Eugénie Anselin - Schauspillerin)

No Shakespeare, Chekhov a Molière hat d'Regisseurin Myriam Muller Loscht mat "Les Enfants du soleil" e politescht a soziaalt Theaterstéck ze inzenéieren.

“Wat an deem Stéck awer wierklech immens ass, dat ass, dass et duerch déi Mikrosocietéit vun deem Haus, erzielt een eng ganz Gesellschaft. Dat heescht, an engem Haus huet ee Fronten, déi sech reiwen a sech fundamentalistesch net verstinn, well hir Besoine guer net déi selwecht sinn. Dann hues de Wëssenschaftler, Kënschtler, Leit, déi an der Educatioun schaffen, déi natierlech soen, dass duerch den Intellekt, duerch all dat Wësse wat de Mënsch bruecht huet, klëmmt de Mënsch no uewen. An dann hues de aner Leit, déi soen, jo, mee dat kann ech net iessen, domadder bezuelen ech mäi Loyer net. An da kënnt een zréck op, wat heescht et e Kënschtler ze sinn. Wéi bréngt een et fäerdeg, d'Hand ze reechen? De Message ass ganz kloer, dass een op deen anere soll lauschteren. Et si jo oft déi dëmmste Sätz, déi heiansdo déi déifste sinn. Mee et ass awer och e schreckleche Constat am Stéck, dass eis humanistesch Gesellschaften am Moment ënnerginn. Well ee mat Iddien d'Leit net ka fidderen. D'Geschicht ass jo ëmmer zyklesch. An elo si mer erëm an enger Phas, wou d'Kaarten erëm mussen nei vermëscht ginn. Wou d' Leit mengen, si misste rietsextreem wielen, fir dass eppes geschitt, fir dass alles gerëselt gëtt, an dass d'Kaarten nei gezu ginn. Ech denken nach ëmmer, dass dat net muss sinn, mee datt den Dialog am Vierdergrond stoe soll. Mee et sinn déi Froen, déi am Stéck gestallt ginn. A wéi ëmmer, ech si keng Politikerin, ech si keng Soziologin, ech sinn eng Theaterkënschtlerin, déi de Leit nokuckt a probéiert nozelauschteren. Dat heescht, ech hu keng Äntwert op déi Saachen, mee ech stellen ëmmer gäre Froen, an déi Fro stellen ech mer am Moment akut.” (Myriam Muller - Regisseurin)

Back to Top
CIM LOGO