Op den Dag genee virun 20 Joer ass et kuerz hannert der lëtzebuergesch-franséischer Grenz zu engem vun de schlëmmsten Zuchaccidenter an der Geschicht vun den CFL komm. Wärend d'Envergure vum Schued relativ séier kloer war, war dat mat der Responsabilitéit awer liicht anescht.
Wann de Staatsbudget an der Chamber presentéiert gëtt, dominéiert deen normalerweis d'Aktualitéit, ma den 11. Oktober 2006 sollten d'Zuelen awer an den Hannergrond réckelen. Kuerz viru Mëtteg waren nämlech ee Lëtzebuerger Persounen- an ee franséische Gidderzuch op der Héicht vum franséische Zoufftgen aneneegerannt. Den deemolegen Transportminister Lucien Lux war sech nach den Dag selwer op d'Plaz ee Bild vum Ausmooss vum Accident maachen:
"Ech mengen, datt een effektiv um Niveau vum Voyageurszuch gesäit, datt deen esou incrastéiert ass, datt et fir déi Leit, déi dra waren, wierklech eng dramatesch Situatioun war. Wéi et méiglech war, datt zwee Zich sech op enger Linn treffe konnten, wann een dat sou ka soen, do ass et natierlech ze fréi, fir doriwwer ee Kommentar ze maachen."
De grujelege Bilan louch um Enn bei sechs Doudegen a 16 deels schwéier Blesséierten. Ënnert den Doudege waren zwee Lëtzebuerger a véier Fransousen. 150 Pompjeeën aus béide Länner waren am Asaz. Scho kuerz nom Accident hate Vertrieder vun der franséischer Bunn d'Schold op Lëtzebuerger Säit gesinn. De franséischen Zuch hätt nämlech gréng Luucht gehat wärend de Lëtzebuerger Zuch duerch Rout gefuer wier. Den deemolege President vum CFL-Verwaltungsrot Jeannot Waringo huet sech den Dag drop am RTL-Interview nach éischter bedeckt gehalen.
"Verschiddener vun de franséische Kolleegen hu gesot, do wier Gréng gewiescht, et wier ee Feeler bei de Lëtzebuerger. Ech war frou, datt gëschter d'Presidentin vun der franséischer Eisebunn do war, déi do guer net méi sou affirmativ war. Et ass sou, datt lo eng Enquête leeft, dofir verstitt Der, datt ech op deem Punkt do ganz virsiichteg sinn. Wat ech awer wëll soen, datt déi Hypothees vu Schold op der Lëtzebuerger Säit bei all deem, wat lo ënnersicht gëtt, op alle Fall mat abezu gëtt, dat ass ganz evident."
Um Enn sollt sech erausstellen, datt den Accident effektiv op ee mënschleche Feeler op Lëtzebuerger Säit, méi genee am Beetebuerger Stellwierk, zeréckzeféiere war. Vun do krut de Maschinist vum Lëtzebuerger Persounenzuch nämlech matgedeelt, datt hie fueren dierft, obwuel d'Luucht, déi wéinst Aarbechten un de Gleiser de Verkéier gereegelt huet, op Rout stoung. Véier CFL-Mataarbechter goufen dowéinst verurteelt. Ee krut an éischter Instanz 12 Méint Prisong mat Sursis an huet dat Urteel akzeptéiert. Déi dräi aner sinn an Appell gaangen, zwee vun hinne kruten do jeeweils eng Strof vun 30 Méint Prisong, dovu 24 op Sursis, also sechs Méint festem Prisong, a 5.000 Euro, géint deen Drëtte gouf et just eng Geldstrof vu 5.000 Euro. D'Parties civiles kruten 105.000 Euro Schuedenersatz zougesprach.