Oscars 2026Lëtzebuerger Koproduktioun "Un simple Accident" an zwou Kategorien nominéiert

Patricia Baum
D'Nominatioune fir d'Oscaren 2026 sinn eraus an och eng Lëtzebuerger Koproduktioun huet et an d'Course gepackt.

An der Kategorie “Live Action Short Film” ass de Kuerzfilm “Two People Exchanging Saliva” fir en Oscar nominéiert. Am schwaarz-wäiss Film vun 36 Minutten ass d’Lëtzebuerger Schauspillerin Vicky Krieps d’Erzielerin. De Film huet schonn eng jett Präisser kritt, war op iwwer 70 Filmfestivallen an 21 Länner ze gesinn, an ass elo och an der Course fir den Oscar.

De Kuerzfilm vum Natalie Musteata an Alexandre Singh erzielt d’Geschicht vun enger dystopescher Versioun vu Paräis, wou Intimitéit a Form vu Kësse verbueden an illegal ass.

An der Kategorie “International feature Film” a “Bescht original Dréibuch” ass déi iranesch-lëtzebuergesch-franséisch Koproduktioun “Un simple Accident” nominéiert. De Film vum iranesche Realisateur Jafar Panahi hat d’lescht Joer zu Cannes d’Palme d’Or gewonnen a kann deemno och elo op en Oscar hoffen. Am Film geet et ëm politesch Prisonéier. De Realisateur setzt sech kritesch mam politesche Regimm am Iran auserneen. Hie war scho selwer e puermol wéinst senge Filmer a senger politescher Meenung am Prisong. Jorelaang duerft en och keng nei Filmer dréinen an den Iran net verloossen. Mat sengem neie Film, dee vun der Lëtzebuerger Firma Bidibul Productions matproduzéiert gouf, krut de Panahi d’lescht Joer bei der Projektioun zu Cannes 8 Minutte Standing-Ovations.

An der Nuecht vum 15 op de 16. Mäerz gi fir déi 98. Kéier d’Oscaren zu Los Angeles iwwerreecht. Am Renne fir de beschte Film sinn:

  • “Bugonia”
  • “F1"
  • “Frankenstein”
  • “Hamnet”
  • “Marty Supreme”
  • “One Battle After Another”
  • “The Secret Agent”
  • “Sentimental Value”
  • “Sinners”
  • “Train Dreams”

An bal all de Kategorien dominéieren och dës opgelëschte Filmer vum beschten Zenario, Montage, Kamera, Dréibuch bis hin zu de Schauspiller a Schauspillerinnen. Mat vir an der Course si “Frankenstein”, “One Battle After Another” a “Sentimental Value”. “One Battle After Another” ass an 12 Kategorien nominéiert an d’nei Adaptatioun vu Frankenstein op Netflix an 9 Kategorien.

En neien, absolutte Rekord gouf et awer fir “Sinners”. Den Horrorfilm ass ganzer 16 mol fir en Oscar nominéiert ginn. Dat gouf et nach ni.

Back to Top
CIM LOGO