
Betraff sinn haaptsächlech d'Beräicher Produktentwécklung, Technologie, Recht a Personalwiesen. D'Co-Generaldirektere Ted Sarandos a Greg Peters hunn d'Entscheedung an engem interne Schreiwes un d'Mataarbechter erkläert. D'Firma misst hir Ressourcë gezielt asetzen, fir weider ze wuessen an Innovatiounen ze entwéckelen.
Dobäi schreift Netflix weiderhi positiv Zuelen. 2025 louch den Ëmsaz bei 45,2 Milliarden Dollar, 16 Prozent méi wéi d'Joer virdrun. Den Nettogewënn ass ëm 26 Prozent op 11 Milliarden Dollar geklommen.
Enn 2025 hat Netflix ronn 16.000 Vollzäitbeschäftegter. Déi lescht gréisser Entloossungswell gouf et 2022, wéi ongeféier 450 Mataarbechter hir Aarbecht verluer hunn.