Bekannt aus "Tatort"Andrea Sawatzki mécht kuerze Stopp zu Lëtzebuerg

Christian Schmit
Am RTL Interview erkläert d'Schauspillerin an Autorin wat déi aktuell Projete sinn an datt si gäre méi laang am Grand-Duché bliwwe wär.
© Filip Veirman

De Cube 521 zu Marnach war leschte Samschdeg gutt gefëllt: d'Schauspillerin an Auteurin Andrea Sawatzki war fir eng Liesung op Besuch. Déi meescht kennen déi däitsch Actrice virun allem aus Produktioune wéi „Tatort“, „Familie Bundschuh“ oder „Für Anfänger“.

Trotz engem volle Kalenner huet si sech Zäit fir de Rendez-vous zu Lëtzebuerg geholl. Eréischt dës Woch stoung si nach zu Berlin fir en neie „Lassie“-Kinofilm virun der Kamera. Do virdrun war si fënnef Wochen a Südtirol, wou si zesumme mat hirem Mann, dem Schauspiller Christian Berkel, un der Fortsetzung vun der Serie „Für Zwei“ gedréint huet.

Gutt Nouvelle fir d'Fans vun der „Familie Bundschuh“: D'Rei gëtt weidergefouert. Schonn am November ginn d'Dréiaarbechte fir den zéngten Deel un, an dëser Kéier geet d'Famill op eng Schëffsrees.

Nieft der Liesung hat d'Andrea Sawatzki och nach e bëssen Zäit, fir Lëtzebuerg z'entdecken. Besonnesch d'lëtzebuergesch Sprooch huet hir gefall. Si géif gären eng Kéier méi laang hei bleiwen.

Och wann d'Actrice vill virun der Kamera schafft, hunn d'Liesungen eng ganz besonnesch Plaz bei hir. Do kéint si hire Publikum direkt erliewen, seet si. Beim Film géif een dacks an enger eegener „Blos“ schaffen an d'Reaktioune vum Public eréischt vill méi spéit matkritt.

Fir 2027 stinn nees vill Dréiaarbechten um Programm, wärend d'Liesungen éischter e bëssen zeréckgefuer ginn. De Cube 521 zu Marnach huet si awer gären als Ausnam gemaach.

Déi däitsch Schauspillerin an Autorin war viru kuerzem am Cube 521 zu Maarnech.

Back to Top
CIM LOGO