Groussen Hollywood-FlopDen Tom Cruise säi Film "Digger" kéint 245 Milliounen Dollar Verloscht maachen

RTL Lëtzebuerg
Dem Tom Cruise säin neie Film "Digger" leeft an de Kinoen däitlech méi schlecht wéi erwaart.
Den Tom Cruise riskéiert mat "Digger" e Millioune-Flop

Den Tom Cruise riskéiert mat "Digger" e Millioune-Flop
© PHILIP FONG/AFP

Analysten rechnen domat, datt de Film ronn 245 Milliounen Dollar Verloscht kéint maachen.

De Film, eng satiresch Komedie vum Regisseur Alejandro G. Iñárritu, huet weltwäit bis elo just ronn 35 Milliounen Dollar ageholl. D'Produktioun an d'Vermarchtung sollen de Studio Warner Bros. ronn 280 Milliounen Dollar kascht hunn.

Fir rentabel ze ginn, misst de Film jee no Berechnung tëscht 300 an 350 Milliounen Dollar aspillen. Domat kéint "Digger" zu de gréisste kommerzielle Floppe vun der Hollywood-Geschicht gehéieren.

Och dem Aaron Sorkin säi Film "The Social Reckoning", d'Fortsetzung vum Oscar-präméierte Film "The Social Network", hat e schwaache Start. An den USA huet de Film um éischte Weekend just 5,5 Milliounen Dollar ageholl, weltwäit waren et ronn 9 Milliounen Dollar.

Back to Top
CIM LOGO