Film vun der Woch"The Social Reckoning" vum Aaron Sorkin

Frank Grotz
2011 gouf hie fir d’Dréibuch vum David Fincher sengem Film "The Social Network" mam Oscar ausgezeechent.
Film vun der Woch: "The Social Reckoning" vum Aaron Sorkin.
2011 gouf hie fir d’Dréibuch vum David Fincher sengem Film "The Social Network" mam Oscar ausgezeechent.

15 Joer méi spéit huet den Aaron Sorkin ee weideren Zenario iwwert dem Mark Zuckerberg säin Tech-Imperium geschriwwen, an dës Kéier selwer d’Realisatioun iwwerholl.

THE SOCIAL RECKONING erzielt déi reell Geschicht vun der Facebook-Mataarbechterin Frances Haugen déi 2019 feststellt, dat 64% vun alle Leit, déi sech extremistesche Gruppen uschléissen duerch der Plattform hiren Algorithmus dohinner gesteiert goufen. Nodeems si firmenintern mat hire Bedenke kee Gehéier fënnt, hëlt si mam Journalist Jeff Horwitz Kontakt op a lancéiert eng Enquête, bei där nach vill aner Mëssstänn un d’Liicht kommen.

Dem Aaron Sorkin seng laang awer pointéiert Dialoger ginn deels vu senger statescher Mise en Scène hänke gelooss a verlaangen doduerch eng gewëssen Ausdauer. D’Mikey Madison an den Jeremy Allen White harmonéiere gutt matenee wärend dem Jeremy Strong säi Mark Zuckerberg schonn éischter a Richtung Karikatur geet. Trotzdeem bleift THE SOCIAL RECKONING en inhaltlech wichtege Film, den de gesellschaftlechen Impakt an d’Muecht vun de sozialen Netzwierker nach eemol kloer ënnersträicht.

Back to Top
CIM LOGO